COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 19. bis de 25. Abrëll

An der Woch vum 19. bis de 25. Abrëll, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.261 op 1.231 (-2,4%) liicht erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 2.943 op 2.517 Kontakter erofgaangen ass (-14,5%).

Et sief unzemierken, dass d'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 19. bis de 25. Abrëll duerchgefouert goufen, vu 60.364 op 54.044 staark erofgaangen ass.

183 Persounen hunn e positiven Antigen-Schnelltest gemellt.

De 25. Abrëll war d'Zuel vun den aktiven Infektioune mat 2.622 relativ stabel (am Verglach zu 2.692 den 18.04.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 61.666 op 62.962 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass op 35,2 Joer erofgaangen.

D'Zuel vun den neien Doudesfäll ass och weider erofgaangen, mat 5 Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 8 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 74 Joer. (De Wocheréckbléck am Annex enthält eng Tabell mat den Doudesaffer no Mount an Altersgrupp).

An de Spideeler ass ee Réckgang festzestellen, mat 71 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, am Verglach zu 84 an der viregter Woch. D'Situatioun op der Intensivstatioun bleift allerdéngs weiderhin ugespaant: D'Zuel vun de beluechte Better ass vun 33 op 36 eropgaangen. Allerdéngs ass den Alter vun den hospitaliséierte Patiente liicht eropgaangen (vu 56 op 60 Joer).

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganzen 13.182 Mol besicht, dovu 495 Visitten an der Woch vum 19. bis 25. Abrëll, wat bal identesch zu der Zuel u Visitten an der Woch virdrun (497) ass.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,9 stabel bliwwen, wärend de Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing) liicht vun 2,09% an der Woch virdrun op 2,28% (Wochenduerchschnëtt) geklommen ass. Et gëllt ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, vu 5,88% op 6,27% geklommen ass.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 194 Fäll pro 100.000 Awunner zeréckgaangen. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 12. Abrëll den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 201 Fäll pro 100.000 Awunner louch. Am Verglach zu der viregter Woch geet den Inzidenz-Taux an all Alterstranchen erof, mat Ausnam vun den Alterstranchen 0-15 Joer (+8%) an 30-44 Joer (+6%). Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Alterstranche vu 75+ Joer (-21%), an dono der Alterstranche vu 60-74 Joer (-14%).

D'Alterstranche vu 75+ Joer weist deen niddregsten Inzidenz-Taux op, mat 99 Fäll pro 100.000 Awunner, dono kënnt d'Alterstranche vu 60-74 Joer, mat 103 Fäll pro 100.000 Awunner. Am Verglach zum Rescht vun der Populatioun ass den Inzidenz-Taux bei de Leit iwwert 60 Joer, déi bis elo d'Haaptzil vun der Impfcampagne waren, nëmmen hallef esou héich.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 19. bis de 25. Abrëll, waren 2.841 Persounen an Isolatioun (-3%) an 2.835 a Quarantän (-5% par rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.231 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 41,6% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Aarbecht (5,4%), d'Educatioun (3,3%) - besonnesch d'Crèchen, Reesen an d'Ausland (3,2%) an d'Fräizäitaktivitéiten (3,1%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 39,4% geklommen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 19. bis de 25. Abrëll, goufen am Ganze 14.714 Dosissen aginn. 12.480 Persoune kruten eng 1. Dosis an 2.234 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfunge bis de 27. Abrëll op 181.908 (1. an 2. Dosis).

D'Iwwerwaachung vun den onerwënschten Niewewierkungen, déi an EudraVigilance nom Agi vun engem COVID-19-Impfstoff zu Lëtzebuerg säit dem Ufank vun der Impfcampagne den 28. Dezember 2020 gemellt goufen, kann iwwert folgende Link consultéiert ginn: COVID-19: Iwwerwaachung vun den onerwënschten Niewewierkungen - Rapport vum 16.04.2021 (pblic.lu). Et ass wichteg ze betounen, dass déi kausal Relatioun tëschent dësen onerwënschten Niewewierkungen oder Manifestatiounen no der Impfung net ouni Weideres behaapt ka ginn. Dës Fäll ginn ënnersicht a vun de Gesondheetsautoritéiten individuell analyséiert.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 12. bis den 18. Abrëll, louch de Sequenzéierungstaux vun der Gesamtbevëlkerung bei 51,6%, wat wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.

Fir déi 687 Echantillonen, déi fir d'Kalennerwoch 15/2021 duerchgefouert goufen, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7.) representéiert 85,8% vun de Fäll
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 8,8% vun de Fäll.

Am Laf vun der Woch 15/2021 goufe 5 nei Fäll vun der brasilianescher Variant (P.1) an 3 Fäll vum sougenannten "Duebele Mutant" oder "indesch Variant" B.1.617 zu Lëtzebuerg detektéiert. All déi detektéiert Fäll vun der indescher Variant stinn am Zesummenhang mat enger Rees.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 19. bis de 25. Abrëll ënnersicht goufen, hunn eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Eng Tendenz no uewe gouf an dëser Woch observéiert, woubäi de Kontaminatiounsniveau änlech héich ass wéi deen an de Wochen 13 a 14. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Dernière modification le