Offiziell Matdeelungen
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 15. bis de 21. Februar
An der Woch vum 15. bis den 21. Februar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.099 op 1.249 (+13,7%) eropgaangen.
Méi gesinn -
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 8. bis de 14. Februar
An der Woch vum 8. bis de 14. Februar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.140 op 1.099 (-3,6%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.860 Fäll, am Verglach zu 4.067 (-30%).
Méi gesinn
Deegleche Rapport
-
9.778 Unzuel vun den ausgefouerte PCR Tester
Pro 100.000 Awunner: 1.562
-
193 Positiv op COVID-19 geteste Persounen
Pro 100.000 Awunner: 30,83
-
78 Hospitalisatiounen
Normalstatioun: 63
Intensivstatioun: 15 -
2 Nei Stierffäll
Total vun de Stierffäll: 634
-
1,97 Positivitéitstaux a %
Reproduktiounstaux: 1,15
Et ass wichteg ervirzehiewen, datt d’Statistik, déi all Dag publizéiert gëtt, d’Situatioun vum Dag virdru beschreift.
Source: Gesondheetsministère
Nächst Aktualiséierung: 26.02.2021
D'Gesetz iwwert déi obligatoresch Deklaratioun vun ustiechende Krankheete schreift de Laboratoirë genee Delaie vir, bannent deenen d'Tester op verschidden ustiechend Krankheeten ze melle sinn. Beim COVID-19 muss d'Resultat vum PCR-Test bannent engem Dag un d'Inspection sanitaire goen. Mee deen Delai kann net ëmmer agehale ginn an et kënnt vir, datt Laboratoiren d'Resultater vu PCR-Tester eréischt no e puer Deeg eraginn. Dofir mussen an esou Fäll nodréiglech d'Statistiken um Site www.covid19.lu verbessert ginn.
Statistiken
Last update