COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 7. bis 13. September

An der Woch vum 7. bis de 13. September bleift d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune wäitgoend onverännert mat 282 Persoune par Rapport zu 281 an der Woch virdrun. D'Zuel vu PCR-Tester déi bei Residenten duerchgefouert goufe läit bei 50,912 par Rapport zu 47.868 an der Woch virdrun.

De 13. September goufen et insgesamt 564 aktiv Infektiounen (par rapport zu 581 den 06.09), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 6.257 op 6.556 geklommen ass. D'Opnamekapazitéit vun de Spideeler gouf liicht méi staark an Usproch geholl wéi an der Woch virdrun an et gouf keng weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass bei 1,02 stabel bliwwen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 0,55% par rapport zu 0,59% (Wochenduerchschnëtt) an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 45,04 pro 100.000 Awunner.

Fir d'Woch vum 7. bis de 13. September ass d'Altersmoyenne vun de positiv diagnostizéierte COVID-19-Fäll bei 31 Joer bliwwen, wat sech duerch eng Test-Campagne erkläre léist, déi Jonker tëscht 4 an 20 Joer virun der Rentrée cibléiert huet.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 7. bis de 13. September waren 1.394 Persounen a Quarantän (-8% par rapport zu der viregter Woch) a 581 an Isolatioun (-0.4% par rapport zu der viregter Woch).

Opdeelung vun der Quarantän no Alterstranche

   

0-14 Joer

15-29 Joer

30-44 Joer

45-59 Joer

60+ Joer

29.06.2020

05.07.2020

21%

32%

23%

20%

4%

06.07.2020

12.07.2020

27%

27%

23%

19%

3%

13.07.2020

19.07.2020

29%

27%

21%

19%

4%

20.07.2020

26.07.2020

25%

24%

24%

21%

6%

27.07.2020

02.08.2020

23%

27%

24%

20%

5%

03.08.2020

09.08.2020

25%

26%

23%

21%

6%

10.08.2020

16.08.2020

18%

27%

25%

22%

7%

17.08.2020

23.08.2020

17%

30%

25%

22%

6%

24.08.2020

30.08.2020

18%

30%

24%

21%

6%

31.08.2020

06.09.2020

19%

31%

24%

22%

5%

07.09.2020

13.09.2020

25%

25%

25%

20%

6%

Ursprong vun de Kontaminatiounen

D'Proportioun vun de Fäll, déi am Zesummenhang mat engem Auslandsopenthalt stinn, geet weiderhi vu 44% op 31% erof, mee bleift awer weiderhin den Haaptursprong vun de Kontaminatiounen. Vun den 282 positive Fäll an där Woch sinn effektiv 31% op Auslandsreesen zeréckzeféieren. De Gesondheetsministère erënnert nach emol dorun, datt et wichteg ass d'Geste-barrièren och wärend enger Vakanz am Ausland ze respektéieren; et ass vun immenser Bedeitung am Kampf géint déi weider Verbreedung vum Virus.

Doriwwer eraus si 27% vun de Fäll op intrafamiliär Kontaminatiounen zeréckzeféieren a 3% stoungen am Zesummenhang mat Familljefeieren oder Fester ënner Kolleegen. 2% vun de Fäll stamen aus 2 identifizéierten aktiven Infektiounscluster (Fräizäitaktivitéiten, Wunngemeinschaften)

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), déi d'Presenz vum SARS-CoV-2 an den Ofwässer iwwerwaacht, schéngt et wéi wann de nationale Kontaminatiounsniveau duerch de SARS-CoV-2 an der Woch 37 liicht geklommen ass, woubäi et geographesch Ënnerscheeder gëtt. Déi national Erhéijung ass prinzipiell op d'Erhéijung vun der Presenz vum SARS-CoV-2 an dräi vun de véier Kläranlag déi am meeschte kontaminéiert sinn (Beggen, Schëffleng a Beetebuerg) zeréckzeféieren, woubäi déi aner Kläranlagen nëmmen e schwaachen Niveau u Kontaminatioun opweisen. Et ass wichteg unzemierken, datt d'Presenz vum Sars-CoV-2 a siwe vun den dräizéng analyséierte Kläranlagen net méi noweisbar ass, nämlech Miersch, Iechternach, Gréiwemaacher, Iwwersiren, Ëlwen, Béiwen-Atert, a Wolz.

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Last update