COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 21. bis 27. September

An der Woch vum 21. bis de 27. September ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune ëm 32% zeréckgaangen, mat 460 Persoune par Rapport zu 672 an der Woch virdrun. Dës Tendenz zeechent sech och bei der Zuel vun de Kontakter of, wou am selwechten Zäitraum 4.670 géigeniwwer 5.441 (-14%) Kontakter gezielt goufen.

D'Zuel vu PCR-Tester déi bei Residenten duerchgefouert goufe läit bei 36.818 par Rapport zu 40.638 an der Woch virdrun.

De 27. September goufen et insgesamt 1.123 aktiv Infektiounen (par rapport zu 953 den 20.09), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 6.839 op 7.129 geklommen ass. D'Opnamekapazitéit vun de Spideeler gouf liicht méi staark an Usproch geholl wéi an der Woch virdrun an et gouf keng weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,47 op 0,61 gefall an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 1,25% par rapport zu 1,65% (Wochenduerchschnëtt) an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 73,47 pro 100.000 Awunner.

An der Woch vum 21. bis de 27. September ass den Duerchschnëttsalter vun de positiv diagnostizéierte COVID-19-Fäll weider vun 33,3 op 35 Joer geklommen.

Quarantän  an Isolatioun

An der Woch vum 21. bis de 27. September waren 2.411 Persounen a Quarantän (+6% par rapport zu der viregter Woch) a 1.095 an Isolatioun (+42% par rapport zu der viregter Woch).

Opdeelung vun der Quarantän no Alterstranche

   

0-14 Joer

15-29 Joer

30-44 Joer

45-59 Joer

60+ Joer

10.08.2020

16.08.2020

18%

27%

25%

22%

7%

17.08.2020

23.08.2020

17%

30%

25%

22%

6%

24.08.2020

30.08.2020

18%

30%

24%

21%

6%

31.08.2020

06.09.2020

19%

31%

24%

22%

5%

07.09.2020

13.09.2020

25%

25%

25%

20%

6%

14.09.2020

20.09.2020

30%

23%

23%

18%

6%

21.09.2020

27.09.2020

31%

24%

21%

18%

6%

Kontaminatioun

An der Woch vum 21. bis de 27. September geet den Undeel vu Kontaminatiounen, déi op Auslandsreesen zeréckzeféiere sinn, vun 30% an der viregter Woch op 14% zeréck, an ass domat just nach deen zweetwichtegste Grond fir Kontaminatiounen. Dee wichtegste Kontanimatiouns-Grond ass nees de familiäre Milieu mat 31% vun de Fäll.

Weider hänke 7% vun de Fäll mat der Aarbecht zesummen, 6% mam Fleegesecteur, 3% mam Bildungssecteur an 3% mat organiséierte Fräizäitaktivitéiten zesummen.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, ass d'Kontaminatioun vum Ofwaasser generell stabel, awer mat enger liichter Erhéijung par rapport zu der Woch virdrun. Dëst gëtt duerch d'Rëmopkomme vum SARS-CoV-2 an de meeschte Kläranlage bestätegt. Déi geografesch Ënnerscheeder bleiwe bestoen an déi selwecht véier Anlage sinn am stäerkste vun der Kontaminsatioun betraff. An der Kläranlag Wolz ass eng signifkant Erhéijung vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser ze notéieren. An dräi vun den dräizéng Kläranlage konnt kee SARS-CoV-2-Signal nogewise ginn.

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert