Erëffnung vun engem neiem Centre de prélèvement fir COVID-19-Tester um Kierchbierg

Als Reaktioun op déi héich Nofro u Coronavirus-Tester, wäert de Laboratoire national de la Santé (LNS) ab e Méinden, den 19. Oktober um 12 Auer, ee Centre de prélèvement fir COVID-19-Tester am ale Gebai vun der Nationalbibliothéik (BNL) op 31, Boulevard Konrad Adenauer um Kierchbierg opmaachen.

Fir den Test brauch ee kee Rendezvous, mee et kënnen awer just Persoune getest ginn, déi eng Ordonnance vum Dokter hunn.

Kanner kënnen eréischt ab 6 Joer getest ginn.

Ëffnungszäiten: 7 Deeg op 7 (vun 10-17 Auer).

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Last update