Created on
Noriichten
De Gesondheetsministère mécht e staarken Appell un déi Persounen, déi positiv op COVID-19 getest goufen, sech direkt selwer an Eegen-Isolatioun ze setzen, esou bal se d'Resultat vum Laboratoire kritt hunn, respektiv sech an Eege-Quarantän ze setze wann se informéiert ginn, dass se en héije Risikokontakt hate mat enger Persoun déi positiv getest gouf.
D'Equipe vum Contact Tracing kontaktéiert si esou séier et geet.
Fir dass den Tracing vun de Kontakter weider geréiert ka ginn, ass et wichteg net direkt op d'Hotline unzeruffen, mä ze waarden, dass d'Equipe vum Contact Tracing Kontakt ophëlt. D'Participatioun vu jiddwerengem um Tracing hëlleft d'Pandemie besser ze kontrolléieren.
Fir de Tracage vun de Kontakter ze vereinfachen, sinn ab haut, Samschdes, de 24. Oktober, zwee Deklaratiounsformulairen online um Site www.covid19.lu.
Communiqué vum Gesondheetsministère
Aktualiséiert