Created on
Noriichten
Fir d'Kontaktopnam vun der Contacttracing-Ekipp ze vereinfachen an ze beschleunegen, gouf d'Tracing-Prozedur iwwert d'Deklaratiounsformulairen optimiséiert.
Persounen, déi positiv op COVID-19 getest goufen a Persounen déi een direkte Kontakt hate mat enger Persoun, déi COVID+ getest gouf, kënnen elo d'Deklaratiounsformulairen online op der Säit vun der Inspektion sanitaire ausfëllen, covidtracing.public.lu, oder op covid19.lu.
Dëse Link (covidtracing.public.lu) gëtt och direkt iwwert SMS u Persoune geschéckt, déi positiv op de COVID-19 getest goufen. Dës Persoune kënnen dann de Link mat hirer Referenznummer un d'Persoune weiderleeden, mat deene si ënnert héijem Risiko a Kontakt waart.
Andeems Dir dës Formulairen ausfëllt, erliichtert Dir der Contacttracing-Ekipp d'Aarbecht. D'Participatioun vu jiddwerengem um Tracing hëlleft d'Pandemie besser ze kontrolléieren.
Zur Erënnerung:
Dir fannt weider Informatiounen op www.covid19.lu, wéi och e Guide, wéi Dir Är Eegen-Isolatioun oder Eege-Quarantän am beschten organiséiert.
Communiqué vum Gesondheetsministère
Aktualiséiert