COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 7. bis den 13. Dezember

An der Woch vum 7. bis 13. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, wéi och d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.422 Fäll, am Verglach zu 3.797 (-11%) Fäll an der Woch virdrun, resp. vun 10.708 Kontakter op 8.861 (-27%), erofgaangen.

D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass liicht vu 40,2 op 39,3 Joer erofgaangen.

D'Zuel vu PCR-Tester déi an der Woch vum 7. bis de 13. Dezember duerchgefouert goufen, läit bei 70.300, par Rapport zu 69.959 an der Woch virdrun.

De 13. Dezember goufen et insgesamt 8.123 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 8.495 den 06/12), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 29.615 op 33.367 geklommen ass. An där betruechter Woch gouf et och 43 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 39 an der viregter Woch. An der Woch vum 7. Dezember ware vun dësen 43 Doudesfäll 23 a Spideeler, 19 a Fleegeheemer an 1 Doheem. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer.

An der Woch vum 7. bis den 13. Dezember goufen 172 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg an 47 an der Intensivfleeg vermierkt, géintiwwer 160, respektiv 41 an der viregter Woch. Dobäi sief unzemierken, dass déi duerchschnëttlech Openthaltsdauer an der Normalfleeg aktuell bei 10 Deeg läit an déi duerchschnëttlech Openthaltsdauer op der Intensivstatioun bei 13 Deeg läit. Den Transfert vu Patienten vun der Normalstatioun op d'Intensivstatioun bewierkt vun dohier och een Decalage bei den Occupatiounszuelen vun der Intensivstatioun.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,03 op 0,87 erofgaangen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 4,87% par rapport zu 5,43% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt).

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 546 pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 30. November den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 606 Fäll pro 100.000 Awunner louch.

Mat Ausnam vun der Alterstranche 0-14 Joer, ass den Inzidenz-Taux an der leschter Woch an all deenen aneren Alterstranchë liicht erofgaangen, an domadder och an der Gesamtpopulatioun. D'Alterstranche vu 75+ Joer bleift weider am meeschte betraff, gefollegt vun der Alterstranche vu 15-29 Joer. D'Inzidenz ass an der Alterstranche 60-74 Joer liicht erofgaangen.

Quarantän  an Isolatioun

An der Woch vum 7. bis den 13. Dezember ware 7.418 Persounen an Isolatioun an 9.813 a Quarantän (-14% par Rapport zu der viregter Woch).

Kontaminatioun

Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, bleift weiderhin héich bei 39,9%.  

Laut enger Analys, déi op 2 kompletten Deeg duerchgefouert gouf (7 an 8/12) an 1.118 Fäll ëmfaasst, ass de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 36,9% vun de COVID-19-Infektiounen.

Visitten an de COVID-19-Consultatiounszenteren

An deenen zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), déi säit dem 27. Oktober um Kierchbierg an säit dem 18. November zu Esch-Uelzecht op sinn, goufen et am Ganze 4.205 Visitten, dovun 721 Visitten an der Woch vum 7. bis 13. Dezember.

Et sief ugemierkt, dass d'Auerzäite vun de CCC an de Large Scale Testing-Statiounen iwwert d'Feierdeeg anescht sinn. D'Auerzäite kënnen um Site www.covid19.lu consultéiert ginn.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist, dass an der Woch vum 7. bis den 13. Dezember d'SARS-CoV-2-Stréim am Ofwaasser weider héich bleiwen. Déi lescht gesammelt Donnéeë schéngen allerdéngs weiderhin den Ofwäertstrend vun de viregte Wochen ze confirméieren.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:  https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert