COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 14. bis den 20. Dezember

An der Woch vum 14. bis 20. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 3.422 op 2.681 (-22%) erofgaangen, woubäi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 8.635 Fäll, am Verglach zu 8.861 (-2%) Fäll an der Woch virdrun, net signifikant geännert huet. ​

D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 diagnostizéierte Persounen ass weider erofgaangen a läit bei 38,4 Joer, am Verglach zu 39,3 Joer virdrun.

D'Zuel vu PCR-Tester déi an der Woch vum 14. bis de 20. Dezember duerchgefouert goufen, läit bei 78.271, par Rapport zu 70.300 an der Woch virdrun.

De 20. Dezember goufen et insgesamt 7.026 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 8.260 den 13/12), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 33.229 op 37.106 geklommen ass. An där betruechter Woch gouf et och 38 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 44 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer.

An der Woch vum 14. bis den 20. Dezember goufen 181 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg an 43 an der Intensivfleeg vermierkt, géintiwwer 173, respektiv 47 an der viregter Woch.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass bei 0,87 bliwwen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 3,43% par rapport zu 4,87% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt).

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 428 pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 7. Dezember den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 546 Fäll pro 100.000 Awunner louch.

Den Inzidenz-Taux ass wärend der leschter Woch an allen Altersgruppen erofgaangen. Zu dësem Zäitpunkt ass d'Inzidenz an allen Alterstranchë ganz änlech, mat Ausnam vun der Tranche vu 60-74 Joer wou d'Inzidenz manner héich ass.

Quarantän  an Isolatioun

An der Woch vum 14. bis den 20. Dezember ware 6.838 Persounen an Isolatioun (-8%) an 8.068 a Quarantän (-18% par Rapport zu der viregter Woch).

Kontaminatiounen

Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, bleift weiderhin héich bei 31,9%.

Laut enger Analys, déi op 2 kompletten Deeg duerchgefouert gouf (14 an 15/12) an 952 Fäll ëmfaasst, ass de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 40,2% vun de COVID-19-Infektiounen.

Visitten an de COVID-19-Consultatiounszenteren

An deenen zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), déi säit dem 27. Oktober um Kierchbierg an säit dem 18. November zu Esch-Uelzecht op sinn, goufen et am Ganze 4.774 Visitten, dovun 712 Visitten an der Woch vum 14. bis 20. Dezember.

Et sief ugemierkt, dass d'Auerzäite vun de CCC an de Large Scale Testing-Statiounen iwwert d'Feierdeeg anescht sinn. D'Auerzäite kënnen um Site www.covid19.lu consultéiert ginn.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist, dass an der Woch vum 14. bis den 20. Dezember d'SARS-CoV-2-Stréim am Ofwaasser weider héich bleiwen. Déi lescht gesammelt Donnéeën schéngen allerdéngs weider den Ofwäertstrend vun de viregte Wochen ze confirméieren.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:  https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert