Éischt Persoune géint de COVID-19 zu Lëtzebuerg geimpft

D'Catarina Fernandes, Infirmière a Cheffin vun der Unitéit fir Infektiounskrankheeten, dorënner de COVID-19, an de Kevin Nazzaro, Infirmier vun der Unitéit fir Infektiounskrankheeten, dorënner de COVID-19, sinn déi éischt 2 Persounen, déi am Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg den 28. Dezember 2020 géint de SARS-CoV-2 geimpft goufen.

Wéi an der Impfstrategie virgesinn, sinn déi éischt Persounen, déi geimpft solle ginn, medezinescht Fachpersonal a Spidolspersonal, souwéi Ambulanzechaufferen, Personal aus de Fleege- an Altersheemer, souwéi Persounen, déi an dësen Ariichtunge wunnen.

Sou wäerten den 28. an 29. Dezember ronn 800 Persounen aus dem Spidolssecteur resp. 200 pro Spidol fir akut Fleeg geimpft ginn. Mëttwoch, den 30. Dezember, gëtt dann d'Personal aus den Altersheemer geimpft - heifir sinn eng weider 400 Impfunge geplangt. Donieft kruten d'Sanitäter, déi COVID-19-Patienten transportéieren, d'Méiglechkeet sech bannent dësen 3 Deeg impfen ze loossen.

Souwuel Residente wéi och Frontalieren aus deene betraffene sozio-professionelle Kategorië wäerten am Impfplang erfaasst ginn. 

 

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert