Feeler an de Statistike vum deegleche Rapport vum 8. Dezember

De Gesondheetsministère informéiert, dass et opgrond vun technesche Problemer bei der Erstellung vum deegleche Rapport vum 8. Dezember zu e puer Inkohärenzen um Niveau vum Total vun den Tester an de positiven Tester koum. Dowéinst gouf de Rapport vum 8. Dezember vum Site Open Data erofgeholl.

Et gëtt aktuell un enger Léisung vum Problem geschafft. Aus dësem Grond wäert och de Rapport vum 9. Dezember net disponibel sinn.

Déi concernéiert Rapporte ginn online gesat, esoubal de Problem behuewen ass.

D'Ekippe vum Monitoring schaffen all Dag und der Verbesserung vun den Donnéeën fir esou qualitativ héichwäerteg Informatiounen der Ëffentlechkeet zur Verfügung ze stellen. 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert