COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. Dezember bis den 3. Januar

An der Woch vum 28. Dezember bis 3. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 1.267 op 1.135 (-11%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.106 Fäll, am Verglach zu 3.207 (-34%) Fäll an der Woch virdrun.

Dës Zuelen si mat Virsiicht ze genéissen, well d'Unzuel vun den duerchgefouerte PCR-Tester an der Woch vum 28. Dezember bis 3. Januar mat 33.948 Tester am Verglach zu 49.875 Tester an der viregter Woch méi niddreg war.

De 3. Januar goufen et insgesamt 3.114 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 4.995 den 27/12), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 40.370 op 43.364 geklommen ass. D'Zuel vun den Doudesaffer ass réckleefeg, mat 22 neien Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19, géintiwwer 36 an der Woch virdrun. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 85 Joer. 

D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass vun 41,1 op 38,4 Joer erofgaangen.

An der Woch vum 28. Dezember bis den 3. Januar goufen 103 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg an 32 an der Intensivfleeg vermierkt, géintiwwer 135, respektiv 37 an der viregter Woch, wat et de Spideeler erlaabt vun der Phas 4 zeréck an d'Phas 3 iwwerzegoen.  

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 0,40% op 0,93% eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing) läit bei 3,34%, géintiwwer 2,54% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt awer ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, bei 6,86% läit. ​

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 181 pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 21. Dezember den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 202 Fäll pro 100.000 Awunner louch. Mat Ausnam vun den Alterstranchë 60-74 Joer a 15-29 Joer, ass den Inzidenz-Taux an der leschter Woch an all deenen aneren Alterstranchë weider erofgaangen. D'Tendenz an der Alterstranche vu 15-29 Joer schéngt sech ëmzekéieren, mat 242 Fäll pro 100.000 Persounen, an ass soumat d'Alterstranche mam héchsten Inzidenz-Taux an dëser Woch. D'Alterstranche vu 60-74 Joer huet deen niddregsten Inzidenz-Taux mat 117 Fäll op 100.000 Persounen. 

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 28. Dezember bis den 3. Januar waren 3.466 Persounen an Isolatioun (-25%) an 2.440 a Quarantän (-37% par Rapport zu der viregter Woch).

Kontaminatioun

Opgrond vum Réckgang vun den deklaréierte Fäll, konnt d'Analyse vun der Kontaminatiounssource op e Neits iwwert déi ganz Woch duerchgefouert ginn. Bei den 1.135 Neiinfektiounen bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 51,4% vun de COVID-19-Infektiounen. 

Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, stabiliséiert sech bei 28%.  

3 Fäll vun der brittescher Variant zu Lëtzebuerg identifizéiert

Den LNS huet déi nei brittesch Variant aktuell bei 3 Persounen nogewisen.

Säit dem 24. Dezember ginn all Passagéier op alle Flich aus dem Vereenegte Kinnekräich systematesch getest. All Passagéier, mat enger Ausnam, haten sech virum Fluch teste gelooss (déi meescht mat engem Antigen-Test). Déi 27 Passagéier, déi méi wéi 48 Stonne virum Fluch getest goufen (Antigen a PCR), goufen eng 2. Kéier getest. All d'Tester ware negativ.

Visitten an de COVID-19-Consultatiounszenteren

Déi 2 COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, zielen am Ganze 5.663 Visitten, dovun der 411 an der Woch vum 28. Dezember bis de 3. Januar. 

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist, dass an der Woch vum 28. Dezember bis de 3. Januar d'SARS-CoV-2-Stréim am Ofwaasser weider héich bleiwen, obwuel an de Woche virdru bei bal all den ënnersichte Kläranlagen een negativen Trend ze gesi war. 

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert