COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 18. bis de 24. Januar

An der Woch vum 18. bis 24. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 859 op 843 (-2%) liicht erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.760 Fäll, am Verglach zu 3.024 (-9%) Fäll an der Woch virdrun.

Et sief unzemierken, dass d'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 18. bis de 24. Januar duerchgefouert goufen, bei 44.417 läit, par Rapport zu 51.274 an der Woch virdrun.

Den 24. Januar goufen et insgesamt 2.065 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 2.408 den 17/01), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 45.922 op 47.100 geklommen ass. D'Zuel vun den Doudesaffer am Zesummenhang mat COVID-19 ass vu 19 op 8 staark erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 79 Joer.

D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen ass mat 39,3 Joer relativ stabel bliwwen.

An de Spideeler huet d'Situatioun sech weider entspaant, mat 62 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg an 15 an der Intensivfleeg an der Woch vum 18. bis den 24. Januar, géintiwwer 69, respektiv 21 an der viregter Woch.

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganze 6.481 Mol besicht, dovun 283 Visitten an der Woch vum 18. bis 24. Januar, wat bal identesch zu der Zuel u Visitten an der Woch virdrun (266) ass.

Opgrond vum Réckgang vun der Zuel u Visitten an de leschte Wochen, ginn d'Auerzäite vun deenen zwee Consultatiounszenteren ab dem 1. Februar ugepasst. Deementspriechend wäerten d'CCCen all Dag vun 10:00 bis 15:00 Auer op sinn, och Samschdeg, Sonndes an op Feierdeeg.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 0,92% op 1,05% eropgaangen a läit de Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing) bei 1,90% par rapport zu 1,68% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt awer ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, bei 4,63% läit, géintiwwer 5,16% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 135 pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 11. Januar den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 137 Fäll pro 100.000 Awunner louch.

Am Verglach zu der viregter Woch ass den Inzidenz-Taux an den Alterstranchë 0-14 a 60-74 Joer weider liicht réckleefeg a bleift an deenen aneren Alterstranchë op engem stabillen Niveau. 

Quarantän  an Isolatioun

An der Woch vum 18. bis den 24. Januar waren 1.837 Persounen an Isolatioun (-10%) an 2.486 a Quarantän (+5% par Rapport zu der viregter Woch).

Kontaminatioun

Bei den 843 Neiinfektioune bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 38,2% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Persounen, déi aus der Vakanz zeréckkommen (6,6%).

Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, läit bei 33,7%. 

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 18. bis den 24. Januar, goufen am ganzen 3.956 Dosissen aginn. 2.712 Persoune kruten eng 1. Dosis an 1.244 kruten déi 2. Dosis.

Bis de 25. Januar goufe soumat am ganzen 8.554 Dosissen aginn. 

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist eng duerchschnëttlech Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem a regionalem Niveau. Wärend déi an der Woch vum 18. bis den 24. Januar observéiert SARS-CoV-2-Streim am Ofwaasser weider héich bleiwen, sou konnt awer an all den analyséierten Anlagen eng Tendenz no ënne festgestallt ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert