Created on
Aussetze vun de Presenzcoursen an Aktivitéiten vum 8. bis den 21. Februar 2021
De 4. Februar 2021 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, d'Aussetze vun de Presenzcoursen an Aktivitéiten am Educatiounsberäich vum 8. bis den 21. Februar annoncéiert, also bis zum Enn vun der Schoulvakanz.
D'Premièresklassen an de Lycéeë sinn net dovu betraff a wäerte weider a Form vu Presenzcoursen stattfannen.
Den Distanzunterrecht, deen Ufank Januar mat der Hëllef vum Engagement vum Léierpersonal an den Eltere gutt geklappt hat, fënnt ab dem 8. Februar nees statt. Eltere vu Kanner am Alter vu 4 bis 13 Joer hunn nees d'Méiglechkeet op de Congé aus familiäre Grënn ("congé pour raisons familiales") zeréckzegräifen.
De Museksunterrecht wäert och an den Distanzunterrecht iwwergoen.
De Minister huet och een dréngenden Appell un d'Famillen a Jugendlecher gemaach, datt den Distanzunterrecht nëmme sënnvoll ass, wann d'sozial Kontakter baussent der Schoul op e Minimum reduzéiert ginn. Aus dësem Grond wäerte Sportveräiner wärend dëser Zäit keng Indoor-Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher ubidden.
Weider Informatiounen dozou fannt Dir op covid19.men.lu
Aktualiséiert