COVID-26: Réckbléck op d'Woch vum 1. bis de 7. Februar

An der Woch vum 1. bis 7. Februar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 999 op 1.140 (+14%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 4.067 Fäll, am Verglach zu 2.774 (-47%) Fäll an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 1. bis de 7. Februar duerchgefouert goufen, ass vun 51.337 op 61.488 geklommen. 

De 7. Februar goufen et insgesamt 2.465 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 2.276 den 31/01), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 47.878 op 48.816 geklommen ass. 48.816. 13 An där betruechter Woch gouf et och 13 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 14 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit onverännert bei 86 Joer.

D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass op 34,1 Joer erofgaangen.

An de Spideeler ass d'Situatioun aktuell stabel, mat 50 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg a 13 an der Intensivfleeg an der Woch vum 1. bis den 7. Februar, géintiwwer 55, respektiv 13 an der viregter Woch. ​ 

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganze 7.269 Mol besicht, dovu 429 Visitten an der Woch vum 1. bis 7. Februar, wat e bësse méi Visitten ewéi an der Woch virdru (359) sinn. 

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

An der Referenzperiod ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 1,10% op 1,05% liicht erofgaangen. E Réckgang ass och beim Positivitéistaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing) z'observéieren, mat 1,85% géintiwwer 1,95% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt awer ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, nees ënnert 5% läit, mat 4,83% géintiwwer 5,19% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 182 Fäll pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 25. Januar den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 160 Fäll pro 100.000 Awunner louch.

Den Inzidenz-Taux geet weider bei de Kanner tëschent 0-14 Joer (+46%), bei der Alterstranche 30-44 Joer (29%) a bei de Persounen tëschent 60-74 Joer (+41%) erop. D'Alterstranche vun 10-14 Joer huet deen héchsten Inzidenz-Taux, wärend d'Alterstranche 60-74 Joer weiderhin en Inzidenz-Taux opweist, dee bal zweemol manner héich ass ewéi beim Rescht vun der Populatioun.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 1. bis den 7. Februar waren 2.155 Persounen an Isolatioun (+18%) a 4.295 a Quarantän (+21% par Rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.140 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 38,6% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (14%) an dAarbecht (4%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, läit bei 32,5%. 

Evolutioun vun de Varianten

Zanter dass déi brittesch Variant B.1.1.7. ugefaangen huet zu Lëtzebuerg ze zirkuléieren, an zwar vum 19. Dezember 2020 un, sinn 860 Echantillone vum Nationale Gesondheetslabo (LNS) mat enger Gensequenzéierung ënnersicht ginn. Bei dësen Echantillonen huet den LNS bei 114 Persounen déi brittesch Variant (B.1.1.7) entdeckt (+18 par Rapport zur Woch virdrun). Déi südafrikanesch Variant (B.1.351), wou d'Sequenzéierung den 11. Januar ugefaangen huet, gouf bis elo bei 14 Persounen (+10) entdeckt, woubäi déi lescht Sequenzéierung den 30. Januar 2021 war. 

Et ass wichteg ze wëssen, dass dës Zuelen net representativ sinn. Effektiv, verfüügt den LNS net op systematesch Manéier iwwert d'Meta-Donnéeën, déi et géingen erlaben d'Echantillone an der Zäit oder am Kontext ze situéiere wou se geholl goufen. Verschidde Sequenzéierunge goufe geziilt erausgesicht. Zum Beispill goufe vun deenen 143 Echantillone, déi an der Woch vum 25 Januar sequenzéiert goufen, méi wéi 30% vun der Gesondheetsinspektioun am Kader vum Contacttracing ugefrot. Ausserdeem, well en Delai vu 7 bis 10 Deeg muss agerechent ginn, fir d'Resultater vun der Genotyp-Bestëmmung ze kréien, sinn d'Donnéeën aus der Woch vum 1. bis de 7. Februar net komplett.

D'Gesondheetsdirektioun an den nationale Gesondheetslabo sinn amgaangen, mat der Hëllef vun de medezinesch-analytesche Laboratoiren, déi néideg Mëttel ëmzesetzen, fir ee representative Echantillonnage vun der allgemenger Populatioun ze hunn, dee sech op Echantillonen aus de verschiddene Regiounen an Alterskategorien baséiert. D'Zil ass en epidemiologeschen Iwwerwaachungssystem a reeller Zäit vun de Variante bis Enn Februar ze hunn. An der Tëschenzäit sollte keng Extrapolatiounen oder Schätzungen zur Prevalenz vun de Varianten an der Bevëlkerung op Grondlag vun den Donnéeë vun der Sequenzéierung gemaach ginn.  

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 1. bis den 7. Februar goufen am Ganze 5.198 Dosissen aginn. 3.190 Persoune kruten eng 1. Dosis. D'Zuel vun de Persounen, déi eng zweet Dosis kruten ass signifikant op 2.008 eropgaangen (géintiwwer 439 an der Woch virdrun). 

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, huet de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen tëschent dem 1. an dem 7. Februar eng mëttelhéich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem a regionalem Niveau opgewisen. Eng Tendenz no ënne konnt an allen analyséierte Kläranlagen an dëser Period observéiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert