COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 8. bis de 14. Februar

An der Woch vum 8. bis de 14. Februar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.140 op 1.099 (-3,6%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.860 Fäll, am Verglach zu 4.067 (-30%) Fäll an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 8. bis de 14. Februar duerchgefouert goufen, ass vun 61.480 op 70.617 geklommen.

De 14. Februar goufen et insgesamt 2.542 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 2.512 de 07/02), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 48.816 op 49.770 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass liicht op 34,7 Joer geklommen.

An där betruechter Woch gouf et och 11 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 14 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 85 Joer.

An de Spideeler ass d'Situatioun aktuell stabel, mat 55 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg a 13 an der Intensivfleeg an der Woch vum 8. bis de 14. Februar, géintiwwer 50, respektiv 13 an der viregter Woch. ​

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganze 7.668 Mol besicht, dovun 399 Visitten an der Woch vum 8. bis de 14. Februar, wat e bësse manner Visitten ewéi an der Woch virdrun (429) sinn.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

An der Referenzperiod ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 1,06% op 1,01% liicht erofgaangen. E Réckgang ass och beim Positivitéistaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing) z'observéieren, mat 1,56% géintiwwer 1,85% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt awer ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, staark erofgaangen ass, mat 1,79% géintiwwer 3,02% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 176 Fäll pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 1. Februar den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 182 Fäll pro 100.000 Awunner louch. Mir stelle fest dass den Inzidenz-Taux an allen Alterskategorien zeréckgaangen ass, ausser bei där vu 75 Joer oder méi. Bei der Altersgrupp ab 75 Joer ass den Inzidenz-Taux stabel bliwwen. D'Alterstranche vun 0-14 Joer huet deen héchsten Inzidenz-Taux, wärend d'Alterstranche 60-74 Joer weiderhin en Inzidenz-Taux opweist, dee bal nëmmen hallef esou héich ass ewéi beim Rescht vun der Populatioun.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 8. bis de 14. Februar waren 2.409 Persounen an Isolatioun (+12%) an 3.470 a Quarantän (-19% par Rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.099 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 45,6% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (9,8%), den Hëllefs- a Fleegesecteur (3,5%) an d'Aarbecht (3,4%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 31,1% erofgaangen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 8. bis de 14. Februar goufen am Ganze 5.271 Dosissen aginn. 3.320 Persoune kruten eng 1. Dosis an 1.959 kruten déi 2. Dosis.

De Planning vun den Allokatioune vun den Dosissen, op déi Lëtzebuerg theoretesch Usproch huet, entspriechend dem Undeel vun 0,14% vun der Lëtzebuerger Populatioun, wéi et an de Verträg vun der Kommissioun mat de verschidde Produzente virgesinn ass, esou wéi déi bis elo un de Grand-Duché geliwwert a bis Enn Abrëll erwaarten Allokatiounen, kënnen am Rapport hei drënner opgeruff ginn.

Aktuell ass also virgesinn, bis Enn Mäerz 2021 eng 71.355 Persoune geimpft ze hunn. Et sief awer dorun erënnert, dass d'Allokatioune vu Woch zu Woch ugepasst kënne ginn, jee no Produktiounskapazitéite vum Produzent an de Liwwerungen.

Evolutioun vun de Varianten

Wéi schonn an deenen zwou viregten Ausgabe vum Wocheréckbléck annoncéiert, lafen aktuell Aarbechte fir e System fir d'Sequenzéierungen op d'Been ze stellen, deen et erlaabt iwwer representativ Resultater fir d'Gesamtbevëlkerung zu Lëtzebuerg ze verfügen. Déi nächst Chiffere ginn no der Finalisatioun vun dësen Aarbechte publizéiert.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, huet de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen an der 6. Kalennerwoch vun 2021 eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Eng liicht Tendenz no uewe war um Ufank vun der Woch ze bemierken, dës konnt awer net um Schluss vun der Woch confirméiert ginn. Et gëllt awer weider virsiichteg bei den Interpretatiounen ze bleiwen an d'Resultater vun den nächsten Analysen ofzewaarden, fir eng wierklech Tendenz z'identifizéieren.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert