Erklärung vum Gesondheetsministère zum AstraZeneca Impfstoff

De Gesondheetsministère bestätegt, dass d'Impfunge mat Flaconen aus dem ABV5300-Lous vum COVID-19-Impfstoff vun AstraZeneca, den 8. Mäerz temporär opgehuewen an de 9. Mäerz gestoppt goufen. Dës Entscheedung gouf geholl, nodeems déi éisträichesch Agence d'Gesondheetsdirektioun (Division de la pharmacie et des médicaments - DPM) iwwer schwéier onerwënschte Virfäll a Kenntnis gesat huet, déi nom Agi vun Impfdosisse vum COVID-19 Impfstoff vun AstraZeneca aus dem selwechte Lous agetruede sinn.

Eng Infirmière (49 Joer) ass zéng Deeg no der Impfung un de Folge vun enger multipler Thrombos verscheet, wärend eng zweet Fra (35 Joer) mat enger diagnostizéierter Longenembolie hospitaliséiert gouf, zur Zäit awer um Wee vun der Besserung ass. Béid Patientinne ware gläichzäiteg an am selwechte Spidol mam COVID-19-Impfstoff vun AstraZeneca aus dem Lous ABV5300 geimpft ginn.

Déi éisträichesch Agence hat doropshin decidéiert d'Impfunge mat Flaconen aus dësem Lous z'ënnerbriechen, soulaang wéi iwwert béid Fäll mat der héchster Prioritéit ermëttelt gëtt. D'Qualitéit vum betreffende Lous gëtt aktuell iwwerpréift, fir dass een Zesummenhang ausgeschloss an zousätzlech Mesurë geholl kënne ginn.

De Gesondheetsministère weist allerdéngs dorop hin, dass virun dëser Suspensioun scho 4.141 vun insgesamt 4.800 Impfdosissen aus dem betraffene Lous agi gi waren.

Zu Lëtzebuerg ass ënnert de Persounen, déi den AstraZeneca Impfstoff bis elo kritt hunn, kee Fall vun Thrombos gemellt ginn.

No dem haitege Kenntnisstand, kann een net dovun ausgoen, dass den AstraZeneca Impfstoff méi ufälleg fir onerwënschten Niewewierkungen ass, wéi déi aner zwee Impfstoffer, déi aktuell zougelooss sinn.

D'Tester zum betraffene Lous ginn aktuell am offizielle Kontrolllaboratoire an Holland duerchgefouert. Do dernieft, ënnersicht de PRAC (Pharmacovigilance Risk Assessment Committee), de Sécherheetskommitee vun der europäescher Medikamentenagence (EMA), zurzäit alleguer déi thromboembolesch Virfäll an aner Problematiken, déi op Bluttgerinnselen zeréckzeféiere sinn, an déi no der Impfung mam AstraZeneca Impfstoff gemellt goufen.

Als Sécherheetsmoossnam, ginn déi Flaconen, déi aus dësem Lous iwwereg sinn, zeréckgehalen. Dëst gëllt bis zum Enn vun de Kontrollprozedure vun der EMA an dem offizielle Kontrolllaboratoire an Holland, dee fir d'Zouloossung vun de Lousen um europäeschen Niveau zoustänneg ass.

An der Tëschenzäit stellen déi lëtzebuergesch Autoritéiten e genaue Suivi vun all den Niewewierkunge sécher, déi am Zesummenhang mam AstraZeneca Impfstoff am Kader vun der Impfcampagne dokumentéiert ginn. Dës leeft mat deenen aneren Impfstoffer weider, déi eis aktuell zur Verfügung stinn.

D'Informatioune vun der europäescher Medikamentenagence zu dësem Sujet kënnen op hirer Websäit consultéiert ginn: COVID-19 Vaccine AstraZeneca: PRAC investigating cases of thromboembolic events - vaccine's benefits currently still outweigh risks - Update | European Medicines Agency (europa.eu)

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert