Lëtzebuerg impft nees mat AstraZeneca

Déi europäesch Medikamentenagence (EMA) huet den 18. Mäerz d'Resultater vun den Analyse vum PRAC (Pharmacovigilance Risk Assessment Committee), hirem Sécherheetskommitee, presentéiert. Ënnersicht goufen heibäi eng Rei Fäll vu Bluttproblemer, déi no der Impfung mat AstraZeneca (AZ) bei eenzele Persounen opgetruede waren.

Der EMA no, wier den Impfstoff vun AstraZeneca weiderhi sécher an effikass an der Preventioun vun Hospitalisatiounen an Doudesfäll opgrond vu COVID-19. D'Analys vun der EMA bestätegen, dass d'Virdeeler vum AZ Impfstoff bei Wäitem méi grouss sinn, wéi déi méiglech Niewewierkungen.

Lëtzebuerg impft dofir am Kader vu senger Impfcampagne vum Freideg, 19. Mäerz un, nees mam AZ Impfstoff.

D'Regierung hëlt d'Sécherheet vun den Impfstoffer ganz eescht. Dowéinst gëtt och eng enk Iwwerwaachung vun all Impfstoff assuréiert. D'Impfcampagne rett Liewen, andeems se sou schnell wéi méiglech déi vulnerabelst Persoune virun de Konsequenze vum COVID-19 schützt, a mécht de Wee op fir eng Andämmung vun der Pandemie.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert