Ännerung vun de Bedéngunge fir d'"Reestester"

No enger Decisioun vum Regierungsrot vum 17. Mäerz, ginn d'Bedéngunge fir PCR-Tester virun enger Rees an d'Ausland am Kader vum Large Scale Testing (LST3) geännert.

Vum 5. Abrëll u gëtt kee gratis "Vakanzentest" méi via d'Prozedur op MyGuichet.lu ugebueden.

Et sief ze bemierken, dass dës Tester fir professionell Deplacementer an d'Ausland oder fir Studenten, déi am Ausland studéieren, weiderhi méiglech sinn. Fir Studenten, déi een negativen Test brauche fir zeréck op d'Uni ze goen, huet d'ACEL Bonge fir een Test bei de Large Scale Testing Statiounen ze maachen. Wann Dir eng Geschäftsrees maache musst, kënnt Dir bei der Chambre de commerce a beim House of Entrepreneurship Bonge fir de Large Scale Testing ufroen.

Dee spezielle "Reesdispositif" war am Summer 2020 prioritär fir déi Persounen opgestallt ginn, déi an e Land hu misse reese wou e PCR-Test bei der Arees obligatoresch war.

An deem Sënn, gëtt deene Persounen, déi eng Auslandsrees plangen, recommandéiert sech direkt a matzäiten un e Laboratoire fir medezinesch Analysen ze wenden (Laboratoires Réunis, BioneXt LAB oder Ketterthill), fir hire Rendez-vous unzefroen. D'Käschte vum Test si vun där Persoun ze droen, déi d'Analys ufreet.

Et sief dorun erënnert, dass den LST als Haaptzil huet asymptomatesch Persounen ze detektéieren an d'COVID-19 Infektiounsketten z'ënnerbriechen.

Bei Symptomer, ass et natierlech weiderhi wichteg bei den Dokter ze goen an eng Ordonnance fir e PCR-Test unzefroen.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert