COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 22. bis de 28. Mäerz

An der Woch vum 22. bis den 28. Mäerz, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.564 op 1.684 (+7,7%) eropgaangen, an d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter ass vun 3.846 op 4.129 Kontakter geklommen (+7,3%).

Vun 109 Persoune mat engem positiven Antigentest haten der och 50 ee positive PCR-Test.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 22. bis den 28. Mäerz duerchgefouert goufen, ass vun 63.501 op 67.051 geklommen.

Den 28. Mäerz goufen et insgesamt 3.479 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 3.069 den 21.03), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 55.575 op 56.853 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass liicht op 37,5 Joer geklommen.

D'Zuel vun den neien Doudesfäll ass staark erofgaangen, mat 20 Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 28 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 79 Joer.

An de Spideeler ass eng liicht Steigerung festzestellen, mat 107 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg am Verglach zu 99 an der viregter Woch. D'Zuel vun den Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Intensivfleeg bleift onverännert am Verglach zu der viregter Woch (21 Better).

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganzen 10.922 Mol besicht, dovu 661 Visitten an der Woch vum 22. bis de 28. Mäerz, wat eng Baisse am Verglach zur viregter Woch ass (722).

Et sief unzemierken, dass d'COVID-Consultatiounszenteren um Ouschterméindeg, tëschent 9:00 a 15:00 Auer op sinn, um Ouschtersonndeg allerdéngs zoubleiwen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,11 géintiwwer 1,13 an der viregter Woch, liicht erofgaangen, wärend de Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing) liicht geklommen ass, mat 2,51% géintiwwer 2,46% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt awer ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, vu 5,89% op 5,67% erofgaangen ass.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 269 Fäll pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 15. Mäerz den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 250 Fäll pro 100.000 Awunner louch. Am Verglach zu der viregter Woch gouf et déi héchsten Haussë bei den Alterstranchë vu 15-29 Joer (+14%), 45-49 Joer (+11%) a 60-74 (+18%). Bei deenen aneren Alterstranchen ass den Inzidenz-Taux stabel bei tëschent 270 an 280 Fäll pro 100.000 Awunner. D'Alterstranche vu 60-74 Joer weist weiderhin deen niddregsten Inzidenz-Taux op mat 176 Fäll pro 100.000 Awunner, woubäi an der Alterstranche vu 15-29 Joer den Inzidenz-Taux mat 324 Fäll pro 100.000 Awunner am héchsten ass.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 22. bis den 28. Mäerz, waren 3.183 Persounen an Isolatioun (+16%) a 5.456 a Quarantän (+16% par Rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.684 nei Fäll, bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 41,1% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (8,3%) – besonnesch de Secondaire – d'Aarbecht (5,8%) an d'Fräizäitaktivitéiten (3,3%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 34,6% geklommen.

Et sief ze bemierken, dass ee wichtege Cluster fonnt gouf, deen op eng Privatparty vu Secondaires-Schüler zeréckzeféieren ass. An dësem Kontext erënnert de Gesondheetsministère nach eemol un déi aktuell sanitär Mesuren, besonnesch am Beräich vun de private Versammlungen, an ënnersträicht d'Wichtegkeet vun de Geste-barrièren am Allgemengen. Weider Informatiounen zu den aktuelle sanitäre Mesure fannt dir hei.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 22. bis den 28. Mäerz, goufen am Ganzen 12.312 Dosissen aginn. 9.480 Persoune kruten eng 1. Dosis an 2.832 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfungen op 92.574 (1. an 2. Dosissen).

De Planning vun den Allokatioune vun den Dosissen, op déi Lëtzebuerg theoretesch Usproch huet, entspriechend dem Undeel vun 0,14% vun der Lëtzebuerger Populatioun, wéi et an de Verträg vun der Kommissioun mat de verschidde Produzente virgesinn ass, esou wéi déi bis elo un de Grand-Duché geliwwert a bis Enn Abrëll erwaarten Allokatiounen, kënnen am Rapport hei drënner opgeruff ginn.

No den aktuellen Informatiounen ass deemno virgesinn, dass bis Enn Abrëll 2021 eng 129.030 Persounen zu Lëtzebuerg geimpft kënne ginn. Et sief awer dorun erënnert, dass d'Allokatioune vu Woch zu Woch ugepasst kënne ginn, jee no Produktiounskapazitéite vum Produzent an de Liwwerungen.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 15. bis den 21. Mäerz, louch de Sequenzéierungstaux vun der Gesamtbevëlkerung bei 34,4%, wat wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.

Fir déi representativ Stéchprouf vun 1.570 Tester, déi fir d'Kalennerwoch 11/2021 duerchgefouert gouf, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7.) representéiert 68,1% vun de Fäll,
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 23% vun de Fäll.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, huet de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen an der Woch vum 22. bis de 28. Mäerz weiderhin eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Dee liichte positiven Trend, deen um Ufank vun der Woch vum 22. Mäerz festgestallt gouf, ass bei der 2. Analys net bestätegt ginn. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert