Gratis PCR-Tester fir reesend Persounen déi um Lux-Airport ukommen

Ab dem 9. Abrëll kann all Persoun, déi no enger Rees mam Fliger zu Lëtzebuerg ukënnt, op en Neits vun engem gratis PCR-Test um Flughafen um Findel profitéieren. Et sief preziséiert, dass d'Passagéier sech den Dag selwer vun hirer Arrivée am COVID-19-Testzenter um Lux-Airport mussen teste loossen. Dofir musse si hire Voucher (disponibel mam Gepäck) an hire Fluchbilljee presentéieren. D'Resultater vun de PCR-Tester si bannent 24 Stonne verfügbar.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert