COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 5. bis den 11. Abrëll

An der Woch vum 5. bis den 11. Abrëll, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.544 op 1.265 erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 3.808 op 3.122 Kontakter erofgaangen ass (-18%).

Et sief unzemierken, dass d'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 5. bis den 11. Abrëll duerchgefouert goufen, vu 79.883 op 54.621 erofgaangen ass.

137 Persounen hunn e positiven Antigen-Schnelltest gemellt.

Den 11. Abrëll goufen et insgesamt 3.126 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 3.624 de 04.04), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 58.231 op 59.982 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de COVID-19 positiv geteste Fäll ass op 37,5 Joer geklommen.

D'Zuel vun den neien Doudesfäll ass erofgaangen, mat 12 Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 19 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer.

An de Spideeler ass ee liichte Réckgang festzestellen, mat 104 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, am Verglach zu 111 an der viregter Woch. D'Zuel vun den Hospitalisatiounen op der Intensivstatioun klëmmt liicht vun 29 op 30 (dovun ee Patient aus dem Grand Est).

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganzen 12.190 Mol besicht, dovu 682 Visitten an der Woch vum 5. bis den 11. Abrëll, wat vill méi Visitten ewéi an der Woch virdru (586) sinn.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

An der Referenzperiod ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 0,86 op 0,96 liicht eropgaangen. Dës Tendenz weist sech och beim Positivitéitstaux vun all den duerchgefouerten Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), dee vun 1,93% op 2,32% geklommen ass (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, vu 4,01% op 5,22% geklommen ass.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 202 Fäll pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 29. Mäerz den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 247 Fäll pro 100.000 Awunner louch. Am Verglach zu der viregter Woch geet den Inzidenz-Taux an all Alterstranchen erof, mat Ausnam vun der Alterstranche 60-74 Joer. Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Alterstranche vu 15-29 Joer (-30%), der Alterstranche vun 30-44 Joer (-22%) an der Alterstranche vu 75+ Joer (-20%).

Fir d'éischte Kéier zanter September 2020, weist d'Alterstranche vu 75+ Joer deen niddregsten Inzidenz-Taux op mat 123 Fäll pro 100.000 Awunner, dono kënnt d'Alterstranche vu 60-74 Joer, mat 149 Fäll pro 100.000 Awunner. Bei der Alterstranche 60+, déi bis elo d'Haaptzil vun der Impfcampagne war, ass e vill méi niddregen Inzidenz-Taux festzestellen.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 5. bis den 11. Abrëll, waren 3.198 Persounen an Isolatioun (-8%) a 3.440 a Quarantän (-33% par Rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.273 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 48,6% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (4,7%) an d'Aarbecht (3,8%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, läit bei 35,0%.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 5. bis den 11. Abrëll, goufen am Ganze 24.403 Dosissen aginn. 14.973 Persoune kruten eng 1. Dosis an 9.430 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfunge bis den 13. Abrëll op 135.091 (1. an 2. Dosis).

De Planning vun den Allokatioune vun den Dosissen, op déi Lëtzebuerg theoretesch Usproch huet, entspriechend dem Undeel vun 0,14% vun der Lëtzebuerger Populatioun, wéi et an de Verträg vun der Kommissioun mat de verschidde Produzente virgesinn ass, esou wéi déi bis elo un de Grand-Duché geliwwert a bis Enn Abrëll erwaarten Allokatiounen, kënnen am Rapport hei drënner opgeruff ginn.

No den aktuellen Informatiounen ass deemno virgesinn, dass bis Enn Abrëll 2021 eng 127.840 Persounen zu Lëtzebuerg geimpft kënne ginn. Et sief awer dorun erënnert, dass d'Allokatioune vu Woch zu Woch ugepasst kënne ginn, jee no Produktiounskapazitéite vum Produzent an de Liwwerungen.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 29. Mäerz bis den 4. Abrëll, louch de Sequenzéierungstaux vun der Gesamtbevëlkerung bei 30,7%, wat wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.

Fir d'Stéchprouf vu 529 Tester, déi fir d'Kalennerwoch 13/2021 duerchgefouert gouf, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7.) representéiert 74,1% vun de Fäll,
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 19,4% vun de Fäll,
  • et goufe 6 nei Fäll vun der brasilianescher Variant (P.1) detektéiert.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, huet de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen an der Woch vum 5. bis den 11. Abrëll weiderhin eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Eng Tendenz no ënnen war awer och an där Woch ze bemierken.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert