Prozedur fir Persounen, déi sech fräiwëlleg mam Vaxzevria Impfstoff impfe wëlle loossen

Wéi de 16. Abrëll vum Regierungsrot decidéiert, hu Persounen tëschent 30 a 54 Joer d'Méiglechkeet, sech an enger Lëscht anzedroen an hiren Interessi un enger fräiwëlleger Impfung mat Vaxzevria Impfstoff (fréier AstraZeneca) matzedeelen.

D'Lëscht ass ab dem 21. Abrëll um 18:00 Auer zougänglech. Persounen déi dorunner interesséiert sinn, kënne sech iwwert d'URL impfen.lu op der Lëscht op guichet.lu androen. D'Persounen déi op dëser Lëscht ugemellt sinn, kréien eng Invitatioun jee no Datum vun der Umeldung an ofhängeg vun der Disponibilitéit vum Vaxzevria Impfstoff.

Dës Offer soll verhënneren, datt Impfstoffdosissen ongenotzt bleiwen a virun allem der méi jonker Populatioun d'Méiglechkeet bidden, sech éischter impfen ze loossen.  

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert