Nei Prozedur fir d'Verdeelung vu Reschtdosisse vu COVID-19-Impfstoffer

Wéi schonn nom Regierungsrot vum 21. Abrëll ugekënnegt, gëtt eng Waardelëscht agefouert fir Reschtdosisse vun de COVID-19-Impfstoffer ze kréien.

D'Bedéngunge fir sech op dës Waardelëscht anzeschreiwen si folgend:

  • Et muss ee bannent 20 Minutten ee vun de 6 Impfzenteren (Esch-Uelzecht, Ettelbréck, Findel-LAR, Lëtzebuerg-Lampertsbierg, LuxExpo, Munneref) erreeche kënnen an et dierf een sech just fir een Impfzenter umellen
  • et muss ee vu Méindeg bis Samschdeg tëschent 18:30 a 19:00 Auer disponibel sinn

D'Lëscht ass ab dem 30. Abrëll zougänglech. All interesséiert Leit iwwer 18 Joer kënnen sech op guichet.lu iwwert www.impfen.lu umellen. Persounen, déi op der Lëscht stinn, ginn da vum Chef vum concernéierten Impfzenter kontaktéiert, ugefaange bei deenen eelste Persounen a jee no Disponibilitéit vun de Reschtdosisse vun de COVID-19-Impfstoffer.

Dës zousätzlech Méiglechkeet gëtt ugebueden, fir z'evitéieren, dass Dosissen onbenotzt bleiwen. D'Aschreiwung op d'Waardelëscht ass wärend enger Woch méiglech.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert