5,7 Milliounen Antigen-Schnellttester fir Entreprisen

Ab dem 17. Mee 2021, gi 5,7 Milliounen Tester verdeelt. Zu dësem Zweck, si 4 Verdeelzenteren opgaangen. D'Verdeelung vun den Tester fënnt zu Zolwer beim Festikuss, zu Bartreng beim ARCA (200 Meter vum Centre Atert ewech), an der Industriezon ZANO um Fridhaff, an zu Gréiwemaacher beim Stadium Op Flohr statt.

D'Zentere sinn op vu Méindes bis Freides vu 7:30 bis 18:00 Auer, a Samschdes vun 08:00 bis 12:00 Auer. D'Zentere bleiwen um Päischtméindeg zou.

De Minister huet preziséiert dass d'Invitatiounen un déi 76.000 betraffen Entreprisë geschéckt gi sinn.

Fir déi regional Verdeelzenteren z'entlaaschten, kréien Entreprisë mat méi wéi 500 Mataarbechter hir Tester direkt geliwwert.

D'Zentere gi vu Personal aus dem Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft geréiert, déi zu dësem Zweck vun Demandeur-d'emploien, déi ënnert engem OTI Vertrag agestallt goufen, ënnerstzëtzt ginn. Insgesamt wäerten 120 Demandeur-d'emploien dës Campagne ënnerstëtzen.

Parallell dozou huet den Dan Kersch dorun erënnert, dass d'Chambre de commerce och Antigen-Schnelltester u Betriber aus dem Horeca-Secteur verdeelt. Dës Tester sinn ausschliisslech fir d'Clientë geduecht.

De Vizepremier huet ausserdeem un d'Prozedur erënnert, déi am Fall vun engem positiven Antigen-Schnelltest agehale muss ginn:

  • direkt an Eegen-Isolatioun goen
  • säi positiivt Resultat op covidtracing.public.lu mellen
  • Kontaktpersounen informéieren
  • säi Resultat mat engem PCR-Test bestätegen

Dës Prozedur fannt Dir op folgendem Site: https://covid19.public.lu/lb/testing/selbsttest.html.

Fir ausféierlech Informatiounen, kënnen d'Entreprisë sech u verschidden Hotlinë wenden. Heizou gehéieren d'Helpline Santé vum Gesondheetsministère (Tel.: 247-65533), d'Business Helpline vum House of Entrepreneurship (Tel.: 42 39 39 700; E-Mail: covid19@houseofentrepreneurship.lu; Websäit https://www.cc.lu/covid19/), oder nach d'Hotline Boosthandwierk (Tel.: 42 67 67 550; E-Mail: boosthandwierk@cdm.lu; Websäit: yde.lu).

Communiqué vum Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft

Aktualiséiert