COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 10. bis de 16. Mee

An der Woch vum 10. bis de 16. Mee, a fir déi 3. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 936 op 759 (-19,0%) weider erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 2.423 op 1.757 Kontakter erofgaangen ass (-27,5%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 10. bis den 16. Mee duerchgefouert goufen, ass vun 53.486 op 49.806 erofgaangen.

204 Persounen hunn e positiven Antigen-Schnelltest gemellt.  

De 16. Mee war d'Zuel vun den aktiven Infektioune mat 1.773 nees liicht erofgaangen (am Verglach zu 2.168 den 09.05), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 65.458 op 66.609 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen ass mat 32,2 Joer éischter stabel bliwwen.

D'Zuel vun den neien Doudesfäll ass liicht erofgaangen, mat 3 Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 4 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer. 

An de Spideeler ass ee klore Réckgang festzestellen, mat 43 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, am Verglach zu 56 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better nëmme liicht vun 32 op 29 zeréckgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass nëmme liicht vu 57 op 59 Joer geklommen. 

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganze 14.124 Mol besicht, dovun 293 Visitten an der Woch vum 10. bis de 16. Mee, wat eng liicht Hausse am Verglach zur viregter Woch ass (286). 

Et sief dorun erënnert, dass d'COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC) säit dem 17. Mee 2021 zou sinn.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) weider erofgaangen, vun 0,92 op 0,84, an de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing) ass och zeréckgaangen, vun 1,75% op 1,52% (Wochenduerchschnëtt). Déi selwecht Tendenz gëtt et och beim Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, deen elo bei 3,51% läit, géintiwwer 3,91% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux geet an allen Altersgruppe weider erof a läit op 7 Deeg bei 120 Fäll pro 100.000 Awunner, am Verglach zu 147 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch vum 3. Mee. Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Alterstranche vu 75+ Joer (-31%). Ee staarke Réckgang gouf och an den Alterstranchë 0-14 Joer (-26%), 30-44 Joer (-26%) a 45-49 Joer (-23%) festgestallt. D'Alterstranche vu 75+ Joer weist deen niddregsten Inzidenz-Taux op, mat 22 Fäll pro 100.000 Awunner, dono kënnt d'Alterstranche vu 60-74 Joer, mat 59 Fäll pro 100.000 Awunner. Mat engem Inzidenz-Taux vun 109 Fäll pro 100.000 Awunner, stécht, am Verglach zu de manner wéi 45-Järegen, besonnesch d'Alterstranche vu 45-59 Joer ervir, déi den Ament d'Haaptzil vun der aktueller Phas vun der Impf-Campagne ass. 

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 10. bis den 16. Mee, waren 2.049 Persounen an Isolatioun (-16,4%) an 2.701 a Quarantän (-19,6% par rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 936 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 45,6% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (6,3%), d'Aarbecht (4,0%) a Reesen a d'Ausland (2,8%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, läit bei 37,9%.  

Impfung: aktuell Lag 

An der Woch vum 10. bis de 16. Mee, goufen am Ganzen 43.646 Dosissen aginn, en neie Rekord säit dem Ufank vun der Impf-Campagne. 24.462 Persoune kruten eng 1. Dosis a 19.184 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfunge bis den 18. Mee op 297.351 (1. an 2. Dosis).

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 3. bis den 9. Mee, louch de Sequenzéierungstaux vun der Gesamtbevëlkerung bei 52,6%, wat wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.   

Fir déi 397 Echantillonen, déi fir d'Kalennerwoch 18/2021 duerchgefouert goufen, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn: 

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7.) representéiert 81,1% vun de Fäll
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 6,8% vun de Fäll, am Verglach zu 10,8% an der Woch 17
  • déi brasilianesch Variant (P.1) representéiert 4,5% vun de Fäll

Am Laf vun der Woch 18/2021 goufen 4 nei Fäll vun der indescher Variant B.1.617 zu Lëtzebuerg identifizéiert. 

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 10. bis den 16. Mee ënnersicht goufen, weist eng kloer Tendenz no ënnen an deene leschte Wochen. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert