COVID-19-Tester fir Evenementer mat méi wéi 150 Persounen, déi vun der Gesondheetsdirektioun zougelooss sinn

De Gesondheetsministère an d'Gesondheetsdirektioun gi Prezisiounen eraus zu den Informatiounen, déi am Kontext vun den zougeloossenen Tester fir Evenementer mat wéi wéi 150 Persounen an de soziale Medien an an der Press diffuséiert goufen.

Déi sanitär Konzepter, déi vun der Gesondheetsdirektioun validéiert goufen, gesi weiderhi fir all Evenement wou eng Testobligatioun besteet déi 3 folgend Optioune vir:

  1. Een negative PCR-Test, dee bannent 72 Stonne virum Evenement realiséiert gouf.
  2. Een negative Schnelltest dee laut COVID-19-Gesetz vun enger autoriséierter Persoun zertifiéiert ginn ass. Den Test muss bannent 24 Stonne virum Evenement realiséiert gi sinn.
  3. Een negative Schnelltest, deen ënnert der Opsiicht vum Organisateur virum Evenement op der Plaz duerchgefouert gëtt.

Selbsttester, déi net vun enger autoriséierter Persoun zertifiéiert gi sinn, oder déi net op der Plaz an ënnert der Opsiicht vum Organisateur realiséiert goufen, ginn net acceptéiert.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert