Du bass Student:in? Du hues mindestens 18 Joer a bass op da Sich no engem Student:innenjob? Da bass du hei richteg!

Am Kader vun der Gestioun vun der COVID-19 Pandemie sicht d‘Gesondheetsdirektioun Student:innen:, déi wärend der Period vum 15. Juni bis de 15. September mindestens ee Mount disponibel sinn, fir a verschiddene Servicer matzeschaffen:

 

Contacttracing: Hëllef eis am Contacttracing, andeems du de Suivi vu positiv geteste Persounen an hire Kontakter mëss. Dës Aufgab ass ee vun deene wichtegsten Aspekter an der Bekämpfung vun der COVID-19 Pandemie.

 

Helpline Santé: D’Aufgab vun der Helpline Santé ass et, all méiglech Froe vun der Populatioun zum Thema COVID-19 ze beäntweren. Dës Aufgab ass ofwiesslungsräich, et léiert ee vill Neies an et ass ee vill a Kontakt mat ganz verschidde Leit.

 

Service communication et relations internationales: De Service communication et relations internationales vun der Gesondheetsdirektioun ass dofir zoustänneg, Informatioune ronderëm d’Thema COVID-19 ze verschaffen an no baussen (an och intern), an enger verständlecher, uspriechender Aart a Weis un de Grand public an un e Fachpublikum ze kommunizéieren. Wanns du schonn éischt Erfarungen an der Kommunikatioun gesammelt hues oder am Beräich Kommunikatioun studéiers, freeë mir eis op deng Ënnerstëtzung!

 

Service IT & Project Management: De Service IT & Project Management këmmert sech engersäits ëm d'Effizienz vun der ganzer Informatik a Computerausrüstung an der Direktioun an am Gesondheetsministère, anersäits awer och ëm eng Rei intressant Projeten, déi de Fonctionnement vum ganzen IT Beräich ofdecken. Als Student:in häss du d'Aufgab dat informatescht Material (Telefonen a Computeren) vun der Santé ze erfaassen an z’inventariséieren. Mir freeën eis op deng Kandidatur!

 

Service d’orthoptie: An dësem Service dréint sech, kuerz gesot, alles ëm d'Gesinn. Als Student:in erwaart dech an dësem Service eng ofwiesslungsräich Aufgab, ënner anerem d'Empfänke vun de Patient:innen, verschidde Recherchen am Beräich "Sehtester" souwéi d'Archivéieren an d'Aktualiséiere vun enger Rei Daten. Wanns du also interesséiert bass, dann zéck net dech ze mellen!

 

Wanns du interesséiert bass bei eis matzeschaffen, Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzt (all aner Sprooch ass een Atout), da schéck eis wannechgelift deng Demande bis spéitstens den 31. Mee u folgend Adress:

dain-asaz-geint-corona@ms.etat.lu

Gëff am Betreff un, fir wéi eng Servicer dass du dech interesséiers a füg folgend Dokumenter bäi:

  • CV
  • Lettre de motivation
  • Kopie vun der Carte d'identité
  • Kopie vun der CNS-Kaart
  • Certificat de scolarité
  • Relevé d'identité bancaire (RIB) 

Nëmme vollstänneg Kandidature kënnen akzeptéiert ginn.

Schreif eis an der E-Mail vu wéini bis wéini dass du disponibel bass, a wéi laangs du schaffe wëlls (Minimum ee Mount, Maximum zwee Méint)

Mir freeën eis op deng Kandidatur!

Aktualiséiert