COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 21. bis den 27. Juni

An der Woch vum 21. bis de 27. Juni, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 90 op 107 (+19%) liicht geklommen, woubäi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 396 op 353 Kontakter weider erofgaangen ass (-11.1%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 21. bis de 27. Juni duerchgefouert goufen, ass vu 46.365 op 39.181 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 17 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bäi 211. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufe 513 positiv Fäll gemellt, mat kengem Fall an der Woch vum 21. bis de 27. Juni. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéistaux net matgerechent ginn.

De 27. Juni war d'Zuel vun den aktiven Infektioune op 142 weider kloer erofgaangen (am Verglach zu 234 den 20.06), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 69.483 op 69.682 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll klëmmt vu 27,7 op 28,4.

D'Woch vum 21. bis de 27. Juni ass déi drëtt Woch hannerteneen, wou et keen neien Doudesfall am Zesummenhang mat COVID-19 gouf. Dëst war an der Woch vum 21. bis de 27. September 2020 fir d'lescht de Fall.

An de Spideeler bleift d'Situatioun entspaant, mat 3 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 6 an der viregter Woch. An der Intensivfleeg bleift d'Situatioun mat 2 Hospitalisatioune stabel. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass awer vu 64 op 60 Joer erofgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 0,58 op 0,92 eropgaangen, esou wéi de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), mat 0,27% par rapport zu 0,19% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). De Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, läit elo bei 0,95%, géintiwwer 0,58% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux geet och liicht erop a läit op 7 Deeg bei 17 Fäll pro 100.000 Awunner, am Verglach zu 14 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch vum 14. Juni.

Am Verglach zu der viregter Woch ass den Inzidenz-Taux bei den Alterstranchë 15-29 Joer (+108%) a 45-59 Joer (+40%) kloer eropgaangen. Et sief ze bemierken, dass d'Hausse vum Inzidenz-Taux vu 40% an der Alterstranche vu 45-59 Joer op 4 nei Fäll zeréckzeféieren ass. Eng Baisse gëtt et an der Alterstranche 0-14 Joer (-34%). Deen niddregsten Inzidenz-Taux gëtt et an den Alterstranchë 60-74 a 75+, wou et déi Woch virdru keen neie Fall gouf.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 21. bis de 27. Juni, waren 287 Persounen an Isolatioun (-38%) an 370 a Quarantän (-28% par rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 107 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 21,5% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (15%), d'Fräizäitaktivitéiten (13,1%) an d'Educatioun (8,3%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 40,2% eropgaangen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 21. bis de 27. Juni, goufen am Ganze 44.062 Dosissen aginn. 35.613 Persoune kruten eng 1. Dosis an 8.448 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 30. Juni op 542.793 (1. an 2. Dosis). 232.222 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Evolutioun vun de Varianten

Aus technesche Grënn, konnten d'Daten zu der Sequenzéierung vun de Varianten net rechtzäiteg fir d'Publikatioun vun dësem Wocheréckbléck zesummegestallt ginn. Dës Date ginn nodréiglech an den nächsten Deeg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) publizéiert: https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 21. bis de 27. Juni ënnersicht goufen, weist eng konstant Tendenz no ënnen, mat enger Stabilisatioun vum Signal säit 2 Wochen. Eng änlech Tendenz gëtt och an den eenzele Kläranlagen festgestallt, woubäi verschiddener ee Kontaminatiounsniveau opweisen, deen ëm oder ënnert der Detektiounslimitt läit. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert