COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 12. bis den 18. Juli

An der Woch vum 12. bis den 18. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 829 op 727 (-12%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.431 Fäll géintiwwer 2.890 an der Woch virdrun (-16%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 12. bis den 18. Juli duerchgefouert goufen, ass vun 43.303 op 49.879 geklommen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 9 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 17 an der Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 247. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufe 786 positiv Fäll gemellt, mat 0 Fäll an der Woch vum 12. bis den 18. Juli (géintiwwer 91 gemellte Fäll déi Woch virdrun). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéistaux net matgerechent ginn.

Den 18. Juli war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.498 erofgaangen (am Verglach zu 1.553 den 11.07.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 69.886 op 70.666 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll bleift stabel bei 27,5 Joer (par rapport zu 27,9 Joer).

An der Woch vum 12. bis den 18. Juli gouf et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 8 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 6 an der viregter Woch. An der Intensivfleeg bleift d'Situatioun mat 4 Hospitalisatioune stabel. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass liicht vu 45 op 48 Joer geklommen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 0,95 op 0,89 erofgaangen, esou wéi de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), mat 1,46% par rapport zu 1.91% an der Woch virdrun. De Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, läit elo bei 4,20%, géintiwwer 4,49% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 115 Fäll pro 100.000 Awunner zeréckgaangen, géintiwwer 139 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch ass den Inzidenz-Taux bei allen Alterstranchë geklommen, mat Ausnam vun der Kategorie vu 15-29 an 30-44 Joer, wou e liicht erofgaangen ass (-16% a -26%). Déi gréissten Hausse gëtt et an der Alterstranche 60-74 Joer (+47%). Eng liicht Hausse gëtt et bei den Alterstranchë vu00 0-14 Joer (+16%), 45-59 Joer (+14%) a 75+ Joer (+16%).

Et sief drop higewisen, dass 74% vun all de positive Fäll vun der leschter Woch an den Altersgruppe vu 15-29 an 30-44 Joer waren.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 12. bis den 18. Juli, waren 1.965 Persounen an Isolatioun (+26%) an 1.801 a Quarantän (-30%).

Kontaminatiounen

Fir déi 727 nei Fäll ass de Familljekrees déi heefegst Source mat 25,2% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Fräizäitaktivitéiten (16,7%), d'Educatioun (8,6%) an d'Reesen a d'Ausland (8,2%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass vun 33,2 op 35,3% eropgaangen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 12. bis den 18. Juli, goufen am Ganzen 38.367 Dosissen aginn. 13.457 Persoune kruten eng 1. Dosis a 24.909 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 21. Juli op 665.316 (1. an 2. Dosis). 309.600 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 12. bis den 18. Juli ënnersicht goufen, confirméiert d'Stabilisatioun vun de SARS-CoV-2-Stréim op héijem Niveau, déi säit Ufank Juli observéiert gouf. Eng vergläichbar Tendenz kann um Niveau vun deenen eenzele Kläranlagen festgestallt ginn. Et sief drop higewisen, dass d'Iwwerschwemmungen um Enn vun der Woch vum 12. bis den 18. Juli de Suivi vun de Kontaminatiounen am Ofwaasser gestéiert hunn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert