COVID-2: Réckbléck op d'Woch vum 2. bis den 8. August

An der Woch vum 2. bis den 8. August a fir déi 5. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vu 439 op 404 (-8%) erofgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 1.379 Fäll am Verglach zu 1.065 Fäll an der Woch virdrun, eropgaangen ass (+23%).

Et sief ze bemierken, dass vun de 404 Neiinfektioune 309 Persounen net geimpft waren (76,5%) a 95 Persounen ee kompletten Impfschutz haten (23,5%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 2. bis den 8. August duerchgefouert goufen, ass vu 46.244 op 36.024 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 5 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 8 an der Woch virdrun. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, op 271. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester goufen insgesamt 804 positiv Fäll gemellt, mat 18 Fäll an der Woch vum 2. bis de 8. August. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéistaux net matgerechent ginn.

Op den 8. August, war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 779 erofgaangen (am Verglach zu 946 den 01.08.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 72.222 op 72.791 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 diagnostizéierte Persounen ass geklommen a läit bei 31,7 Joer, am Verglach zu 30,8 Joer d'Woch virdrun.

An der Woch vum 2. bis den 8. August, gouf et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 16 nei Hospitalisatioune vu positive COVID-Patienten an der Normalfleeg, am Verglach zu 19 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better och vun 5 op 6 geklommen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vun 51 op 53 Joer geklommen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 0,85 op 0,97 eropgaangen, genau wéi de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), dee vun 0,95% an der Woch virdrun op 1,12% eropgaangen ass. De Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, ass vun 3,65% op 4,43% geklommen ass.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 64 Fäll pro 100.000 Awunner zeréckgaangen, géintiwwer 69 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun. Dës Zuel ass fir déi 5. Woch hannertenee réckleefeg.

Den Inzidenz-Taux ass bei allen Alterstranchen erofgaangen, mat Ausnam vun der Kategorie vun 30-44 Joer (+29%). Déi gréisste Baisse gëtt et an der Alterstranche 15-29 Joer (-28%).

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 2. bis den 8. August, waren 1.046 Persounen an Isolatioun (-20%) a 787 a Quarantän (+9%).

Kontaminatiounen

Fir déi 404 nei Fäll bleift de Familljekrees déi heefegst Source mat 29,8% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (21,1%) an d'Fräizäitaktivitéiten (4,1%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 38,3% geklommen. Am Verglach zu der viregter Woch, ass d'Zuel vun de Fäll/Woch fir all Source erofgaangen, mat Ausnam vun de Reesen an d'Ausland.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 2. bis den 8. August goufen am Ganzen 22.435 Dosissen aginn. 3.382 Persoune kruten eng 1. Dosis, 18.943 kruten déi 2. Dosis, an 110 kruten eng 3. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfunge bis den 9. August op 735.670 371.611 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 2. bis den 8. August ënnersicht goufen, weist eng héich SARS-CoV-2 Prevalenz op nationalem Niveau. Am Verglach mat de Woche virdrun, konnt eng Hausse vum Kontaminatiounsniveau vum SARS-CoV-2 observéiert ginn, vergläichbar mam Niveau vun Ufank Juli.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert