COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 16. bis den 22. August

An der Woch vum 16. bis den 22. August ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 295 op 440 (+49%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 887 Fäll géintiwwer 831 an der Woch virdrun (+7%).

Vun de 440 Neiinfektioune waren 331 Persounen net geimpft (75,2%) an 109 Persounen haten ee kompletten Impfschutz (24,8%).

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 64,7% vun de Patienten an der Normalfleeg an 100% an der Intensivfleeg net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 16. bis den 22. August duerchgefouert goufen, ass vun 29.243 op 28.107 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 3 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 6 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 280. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 16. bis den 22. August). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 22. August war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 660 geklommen (am Verglach zu 625 de 15.08.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 73.237 op 73.640 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vun 32,9 Joer op 31,2 Joer erofgaangen.

An der Woch vum 16. bis den 22. August, gouf et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 18 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 14 an der viregter Woch. An der Intensivfleeg geet d'Zuel vun de beluechte Better vu 6 op 4 erof. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vu 60 op 51 Joer erofgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) op 1,16 eropgaangen (0,81 déi Woch virdrun). De Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), ass vun 1,01% op 1,57% eropgaangen (Wochenduerchschnëtt). De Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, läit elo bei 4,92%, géintiwwer 3,35% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 69 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 46 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch ass den Inzidenz-Taux bei allen Alterstranchen, mat Ausnam vun der Tranche 60-74 Joer, geklommen. Déi gréissten Hausse gëtt et an den Alterstranchen 0-14 Joer (+100%), 45-59 Joer (+57%) an 30-44 Joer (+51%). Eng liicht Baisse gëtt et bei der Alterstranche vu 60-74 Joer (-12%).

Den héchsten Inzidenz-Taux gëtt et bei der Alterstranche 15-29 Joer, mat 104 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 16. bis den 22. August, waren 886 Persounen an Isolatioun (-5%) a 661 a Quarantän (-4%).

Kontaminatiounen

Fir déi 440 nei Fäll sinn d'Auslandsreesen elo déi heefegst Source mat 38,4% vun den Infektiounen. Duerno kommen de Familljekrees (25,2%) an d'Fräizäitaktivitéiten (3,1%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 27,9% erofgaangen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 16. bis den 22. August, goufen am Ganzen 8.170 Dosissen aginn. 3.367 Persoune kruten eng 1. Dosis, 4.755 kruten déi 2. Dosis an 48 Persoune kruten eng 3. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 25. August op 756.266. 387.266 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/..

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 12 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 16. bis den 22. August ënnersicht goufen, weist eng héich SARS-CoV-2 Prevalenz op nationalem Niveau. Eng bedeitend Hausse vum Kontaminatiounsniveau vum SARS-CoV-2 konnt um Ufank vun der Woch festgestallt ginn, mat Wäerter iwwert deene vun Ufank Juli. Dës Tendenz konnt awer net um Enn vun der Woch confirméiert ginn. D'Anlagen am Norde vum Land waren op en Neits am meeschte vun der Hausse betraff.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: : https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert