COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 23. bis den 29. August

An der Woch vum 23. bis den 29. August ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 440 op 542 (+23%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 1.514 Fäll géintiwwer 887 an der Woch virdrun (+71%).

Vun de 542 Neiinfektioune ware 428 Persounen net geimpft (78,9%) an 114 Persounen haten ee kompletten Impfschutz (21,1%).

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 84,2% vun de Patienten an der Normalfleeg an 100% an der Intensivfleeg net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 23. bis den 29. August duerchgefouert goufen, ass vun 28.107 op 27.349 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 4 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 3 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 284. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 23. bis den 29. August). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 29. August war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 915 geklommen (am Verglach zu 662 den 22.08.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 73.638 op 73.927 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vun 31,2 Joer op 31,4 Joer liicht eropgaangen.

An der Woch vum 23. bis den 29. August, gouf et keng weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 21 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 18 an der viregter Woch. An der Intensivfleeg geet d'Zuel vun de beluechte Better vu 4 op 6 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vun 51 op 47 Joer erofgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) op 1,10 erofgaangen (1,16 déi Woch virdrun). De Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing) ass vun 1,57% op 1,98% geklommen. De Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, läit elo bei 6,18%, géintiwwer 4,91% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 85 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 69 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux ass an allen Alterstranchen eropgaangen. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an den Alterstranchë vu 75+ Joer a 60-74 Joer.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 23. bis den 29. August, waren 999 Persounen an Isolatioun (+13%) an 972 a Quarantän (+47%).

Kontaminatiounen

Fir déi 542 nei Fäll bleiwen d'Auslandsreesen déi heefegst Source mat 29,9% vun den Infektiounen. Duerno kommen de Familljekrees (27,0%) an d'Fräizäitaktivitéiten (4,5%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 34,7% eropgaangen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 23. bis den 29. August, goufen am Ganze 6.978 Dosissen aginn. 2.952 Persoune kruten eng 1. Dosis, 3.988 kruten déi 2. Dosis an 38 Persoune kruten eng 3. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 1. September op 763.335. 391.721 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/..

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 23. bis den 29. August ënnersicht goufen, weist eng héich SARS-CoV-2 Prevalenz op nationalem Niveau. De Kontaminatiounsniveau schéngt sech awer stabiliséiert ze hunn, mat änleche Wäerter an deenen dräi leschte Stéchprouwen.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert