Zousätzlech COVID-19-Impfdosis no Éischtimpfung fir eeler Leit an Dialys-Patienten

No de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 7. September 2021, ass eng 3. Impfdosis ("Booster") géint de Coronavirus fir follgend Persoune méiglech:

  • Persounen iwwer 75 Joer, déi bei sech doheem wunnen
  • Bewunner aus Fleegestrukturen, ouni Altersgrenz
  • Dialys-Patienten

Dës zousätzlech Dosis gëtt no enger Éischtimpfung aginn, d.h. no engem vollstännegen Impf-Schema (entweder 2 Dosisse vun engem mRNA-Impfstoff, 2 Dosisse vum AstraZeneca Impfstoff, 1 Dosis vum Janssen Impfstoff, oder eng "mix & match" Kombinatioun aus 1 Dosis vum AstraZeneca an 1 Dosis vun engem mRNA-Impfstoff).

Et sief dorun erënnert, dass no der Recommandatioun vum CSMI vum 2. Juli 2021 immungeschwächte Persoune scho méi laang vun enger 3. Impfdosis profitéiere kënnen.

Déi zousätzlech Dosis vun engem mRNA-Impfstoff soll mindestens 6 Méint no enger 2-Dosis-Impfung oder 2 Méint no enger Janssen-Impfung erfollegen. Virun oder no enger anerer Impfung (z. B. géint d'Gripp), muss en Ofstand vun 2 Wochen agehale ginn.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Déi éischt Invitatioune fir déi 3. Impfdosis géint de Coronavirus ginn Enn dëser Woch (17. September) verschéckt. Dono ginn d'Invitatiounen a successiven Tranchë verschéckt.

Bewunner aus Fleegestrukture wäerte vun de mobillen Impf-Ekippe vun der Gesondheetsdirektioun geimpft ginn.

Déi betraffe Persoune kréien dem Alter no eng Invitatioun vun der Lëtzebuerger Regierung per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir ee Rendez-vous am Victor Hugo-Impfzenter ze huelen (Aschreiwung via myguichet.lu). Et sief ugemierkt, dass jiddwereen, deen d'Krittären erfëllt (6 Méint no der 2. Dosis, respektiv no der 1. Dosis bei engem positiven Test oder 2 Méint no enger Janssen-Impfung), och d'Méiglechkeet huet ee Rendez-vous bei engem Dokter ze huele fir geimpft ze ginn. D'Lëscht vun den Dokteren, déi bei der Impfcampagne matmaachen, fannt Dir op der Säit impfen.lu.

Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533.

Communiqué vum Staatsministère, dem Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun an dem Gesondheetsministère

Aktualiséiert