COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 6. bis den 12. September

An der Woch vum 6. bis den 12. September, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 573 op 553 (-4%) erofgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 1.112 op 1.477 eropgaangen ass (+33%)

Vun de 553 Neiinfektioune waren 375 Persounen net geimpft (67,8%) an 178 Persounen haten ee kompletten Impfschutz (32,2%).

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 85,8% vun de Patienten an der Normalfleeg an 100% an der Intensivfleeg net geimpft.

D'Zuel vu PCR-Tester déi an der Woch vum 6. bis den 12. September duerchgefouert goufen ass liicht geklommen op 29.633 Tester (géintiwwer 29.057 déi Woch virdrun).

Bannent der Referenzperiod, hunn 19 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 3 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 306. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 6. bis den 12. September). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 12. September war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.067 geklommen (am Verglach zu 1.052 de 05.09.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 74.359 op 74.897 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vun 31,7 Joer op 32,1 Joer liicht eropgaangen.

An der Woch vum 6. bis den 12. September, gouf et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 29 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 22 an der viregter Woch. An der Intensivfleeg geet d'Zuel vun de beluechte Better vunn 9 op 10 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vu 60 op 47 Joer erofgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) op 1,00 erofgaangen (1,04 déi Woch virdrun). De Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), ass vun 1,97% op 1,87% erofgaangen (Wochenduerchschnëtt). De Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, ass vu 6,18% op 5,75% erofgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 87 Fäll pro 100.000 Awunner zeréckgaangen, géintiwwer 90 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenz-Taux an allen Alterstranchen erofgaangen, ausser bei der Altersgrupp vu 60-74 Joer (+27%). Déi héchste Baisse gëtt et bei der Altersgrupp vu 45-59 Joer (-20%).

Den héchsten Inzidenz-Taux gëtt et bei der Alterstranche 0-14 Joer, mat 121 Fäll pro 100.000 Awunner.

Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an den Alterstranchë vu 75+ Joer a 60-74 Joer.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 6. bis den 12. September, waren 1.289 Persounen an Isolatioun (+4%) an 926 a Quarantän (+13%).

Kontaminatiounen

Fir déi 553 nei Fäll ass de Familljekrees weider déi heefegst Source mat 30,6% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Auslandsreesen (20,1%), d'Fräizäitaktivitéiten (5,2%) an d'Educatioun (4,0%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 33,5% eropgaangen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 6. bis den 12. September, goufen am Ganze 6.070 Dosissen aginn. 3.415 Persoune kruten eng 1. Dosis, 2.598 kruten déi 2. Dosis a 57 Persoune kruten eng 3. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 14. September op 775.270. 398.431 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat enger Impfquot  vun 72% vun der impfbarer Bevëlkerung (d.h. d'Bevëlkerung iwwert 12 Joer) an 63% vun der allgemenger Bevëlkerung entsprécht.

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour"

Den Impf-Bus ass bei folgenden Eventer op der Plaz:

  • Freideg, 17. September, vun 08:00 bis 15:00 Auer um Campus vun der Uni.lu – Esch/Belval
  • Samschdeg, 18. September, vun 11:00 bis 15:00 Auer um "Familljendag" – Esch/Ulzecht
  • Samschdeg, 18. September, vu 17:00 bis 21:30 Auer bei der "Nuit des lampions" – Wolz
  • Sonndeg, 19. September, vun 10:00 bis 18:00 Auer um "Mëttelalterfest Tempus Mediaevale" - Käerch
  • Sonndeg, 19. September, vun 10:00 bis 15:00 Auer um "BIKE4ALL" - Mäerzeg

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn och um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Déi Leit, déi hir 2. Dosis kréien, mussen och den Impf-Certificat vun der 1. Dosis virweisen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/..

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 6. bis den 12. September ënnersicht goufen, huet weiderhin eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Um Enn vun der betraffener Woch konnt eng liicht Hausse vum SARS-CoV-2-Niveau festgestallt ginn, mat Wäerter, déi am Duerchschnëtt vun deene leschte Woche leien.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert