Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung

Den Aussen- an Europaministère informéiert, dass déi temporär Restriktioun fir d'Arees an de Grand-Duché vu Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi hire Wunnsëtz ausserhalb vun der EU hunn, bis den 31 Dezember 2021 inklusiv verlängert gëtt.

Doriwwer eraus, ass d'Lëscht vun de Länner, deenen hir Awunner a Lëtzebuerg areesen dierfen, entspriechend de rezente Recommandatioune vum Conseil vun der Europäescher Unioun[1] aktualiséiert ginn. Ab dem 22. September 2021, dierfe Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi hire Wunnsëtz an Albanien, Armenien, Aserbaidjan, Brunei Darussalam, an Israel, a Japan, am Kosovo, am Libanon, am Montenegro, an der Republik Nordmazedonien, a Serbien oder an de Vereenegte Staate vun Amerika hunn, net méi fir net essentiel Reesen an de Grand-Duché areesen.

Ab dësem Datum, dierfe Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi hire Wunnsëtz an Uruguay hunn, allerdéngs och fir net essentiel Deplacementer erëm op Lëtzebuerg reesen.

Déi betraffe Staatsbierger aus Drëttstaaten mussen an deem Fall hire Wunnsëtz noweise kënnen.

Déi aktualiséiert Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Awunner och fir net essentiel Reesen erëm op Lëtzebuerg dierfen, ass elo folgendermoossen:

  • Staaten
    • Saudiarabien
    • Australien
    • Bosnien-Herzegowina
    • Kanada
    • China (ënner Virbehalt vu Géigesäitegkeet op EU-Niveau)
    • Südkorea
    • Jordanien
    • Republik Moldau
    • Neuseeland
    • Katar
    • Singapur
    • Ukrain
    • Uruguay
  • Sonderverwaltungszone vun der Volleksrepublik China
    • Hongkong SAR
    • Macao SAR
  • Territorial Entitéiten an Autoritéiten, déi vun op d'mannst engem EU-Memberstaat net als Staat unerkennt ginn
    • Taiwan

Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi net an dëser Lëscht opgezielt sinn, dierfe just a folgende Fäll an de Grand-Duché reesen:

  • Wann d'Rees als essentiel gëllt

oder

  • Ab dem 22. September 2021, wann d'Staatsbierger aus Drëttstaaten am Besëtz vun engem Impf-Certificat sinn, deen e kompletten Impfschutz noweist an zu Lëtzebuerg als gläichwäerteg unerkannt gëtt, d. h. wann e vun engem Memberstaat aus dem Schengeraum oder wann e vun engem Drëttstaat ausgestallt ginn ass an duerch en Exekutiouns-Akt vun der Europäescher Kommissioun als gläichwäerteg unerkannt gëtt. Aktuell gëllt dëst fir Certifikate vu folgende Staaten oder Entitéiten: Albanien, Andorra, Färöer Inselen, Israel, Marokko, Monaco, Panama, Republik Nordmazedonien, San Marino, Schwäiz, Tierkei, Ukrain, Vatikan.

Et sief nach eng Kéier dorun erënnert, dass fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg zousätzlech sanitär Mesurë gëllen. All Persoun déi 12 Joer oder méi al ass muss beim Boarding Folgendes virweisen:

  1. Entweder een Impf-Certificat, deen ee kompletten Impf-Schema[2] mat engem Impfstoff mat enger Maartzouloossung vun der Europäescher Medikamentenagence attestéiert an dee vun enger ëffentlecher oder medezinescher Autoritéit vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengeraum ausgestallt gouf, oder een Impf-Certificat, dee vun engem Drëttstaat ausgestallt gouf, an deen ee kompletten Impf-Schema attestéiert an zu Lëtzebuerg als gläichwäerteg gëllt, entspriechend dem Artikel 3bis vum ofgeännerte Gesetz vum 17 Juli 2020 zu de Mesurë géint d'COVID-19-Pandemie (dëst gëllt zurzäit fir Certificaten, déi vu folgende Staaten oder Entitéiten ausgestallt goufen: Albanien, Andorra, Färöer Inselen, Israel, Marokko, Monaco, Panama, Republik Nordmazedonien, San Marino, Schwäiz, Tierkei, Ukrain, Vatikan);
  2. oder ee Geheelt-Certificat, dee vun engem Dokter oder enger ëffentlecher Autoritéit vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengeraum ausgestallt gouf, fir Persounen déi rezent a bannent 6 Méint virum Deplacement eng Infektioun mam SARS-CoV-2 haten an déi déi entspriechend Isolatiounsperiod an deene respektive Länner symptomfräi ofgeschloss hunn
  3. oder een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektronesch) vun engem Test op SARS-CoV-2 RNA duerch Nukleinseier-Amplifikatioun (NAT) (PCR, TMA oder LAMP Methoden [3]), dee maximal 72 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, oder vun engem Antigène-Schnelltest op SARS-CoV-2 [4], dee maximal 48 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, an dat vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit. Dat negatiivt Testresultat muss, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg, oder op Englesch, Spuenesch, Italieenesch oder Portugisesch virleien.

Detailer zu deene verschiddene Reegelen, inklusiv enger Definitioun vun essentielle Reesen an deene verschiddenen Exceptiounen, souwéi déi genau Modalitéiten, déi am Virfeld ze respektéiere sinn, fannt Dir ënnert folgendem Link: https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html.

 

[1] Recommandatiounen (UE) 2021/1346 vum Conseil vum 30. August 2021 an (UE) 2021/1459 vum Conseil vum 9. September 2021, iwwert d'Verännerung vun der Recommandatioun (UE) 2020/912 zu den temporäre Restriktioune fir net essentiel Reesen an d'Europäesch Unioun an eng méiglech Ophiewung vun dëse Restriktiounen.

[2] a) Ënnert engem kompletten Impf-Schema versteet een all Schema, wat d'Zuel an den Intervall vun den néidegen Injektiounen definéiert, fir een ausräichende Schutz opzebauen, an dat komplett ass ab der Administratioun vun all den néidegen Dosissen, fir Impfstoffer mat méi wéi enger Dosis, oder, fir Impfstoffer mat enger eenzeger Dosis, no enger Karenzzäit vu 14 Deeg.

b) Fir geheelte Persounen, déi bannent 180 Deeg no hirem positive Resultat vun engem NAT-Test geimpft goufen, ass den Impf-Schema 14 Deeg no der Administratioun vun der éischter Dosis komplett, an dat onofhängeg vum Impfstoff.

[3] PCR: polymerase chain reaction; TMA: transcription-mediated amplification; LAMP: loop-mediated isothermal amplification

[4] Entspriechend de Krittäre vun der WHO: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11 September 2020, an opgezielt an der Lëscht vun den Antigène-Schnelltester, op Basis vun der Recommandatioun 2021/C24/01 vum 22. Januar 2021.

 

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert