COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 13. bis den 19. September

An der Woch vum 13. op den 19. September ass d'Zuel vun de Persounen déi positiv op COVID-19 gestest goufe bei 542 stabel bliwwen, géintiwwer 553 an der viregter Woch (-2%), wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 1.477 op 1.857 geklommen ass (+28%).

Vun de 542 Neiinfektioune waren 374 Persounen net oder net vollstänneg geimpft (69%) an 168 Persounen haten ee kompletten Impfschutz (31%).

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 73,9% vun de Patienten an der Normalfleeg an 100% an der Intensivfleeg net geimpft.

D'Zuel vu PCR-Tester, déi an der Woch vum 13. bis den 19. September duerchgefouert goufen, ass och relativ stabel bliwwen, mat 28.992 Tester géintiwwer 29.633 déi Woch virdrun.

Bannent der Referenzperiod, hunn 8 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 19 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 314. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 13. bis den 19. September). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 19. September war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.039 erofgaangen (am Verglach zu 1.067 den 12.09.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 74.897 op 75.467 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vun 32,1 Joer op 29,5 Joer erofgaangen.

An der Woch vum 13. bis den 19. September, gouf et keng weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 21 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 29 an der viregter Woch. An der Intensivfleeg geet d'Zuel vun de beluechte Better vu 10 op 9 erof. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass op en Neits vu 47 op 44 Joer erofgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) bei 0,98 stabel bliwwen, esou wéi de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), dee bei 1,87% bleift (Wochenduerchschnëtt). De Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, ass vu 5,74% op 5,06% liicht erofgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 85 Fäll pro 100.000 Awunner zeréckgaangen, géintiwwer 87 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenz-Taux an allen Alterstranchen erofgaangen, ausser bei den Altersgruppe vu 0-14 Joer (+30%) a vu 45-49 Joer (+15%). Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Altersgrupp vu 60-74 Joer (-33%).

D'Alterstranche vu 0-14 Joer weist deen héchsten Inzidenz-Taux op, mat 158 Fäll pro 100.000 Awunner, dono kënnt d'Alterstranche vu 15-29 Joer, mat 111 Fäll pro 100.000 Awunner.

Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an den Alterstranchë vu 60-74 Joer a 75+ Joer.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 13. bis den 19. September waren 1.250 Persounen an Isolatioun (-3%) an 1.456 a Quarantän (+57%).

Kontaminatiounen

Fir déi 542 nei Fäll ass de Familljekrees weider déi heefegst Source mat 30,9% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Auslandsreesen (25,5%), d'Fräizäitaktivitéiten (5,0%) an d'Educatioun (4,0%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 27,8% erofgaangen.

Zenario 4 an der Vauban École et Lycée Français de Luxembourg

An engem Schoulfoyer, wou Schüler aus der Grondschoul vun der Vauban École et Lycée Français de Luxembourg higinn, koum et an der Woch vum 13. bis den 19. September 2021 zu e puer positive Fäll, wat zu engem Zenario 4 gefouert huet. Effektiv goufen tëschent dem 11. an dem 17. September 2 Erwuessener an 8 Kanner, déi zu zwou Gruppe vum Schoulfoyer gehéieren an aus e puer CE2-Klassen (2. Klass vum Fondamental) stamen, positiv diagnostizéiert.

Opgrond vun der héijer Zuel vun de Fäll an der Vermëschung vun de Schüler aus den CE2-Klassen an deenen zwou Gruppe vum Schoulfoyer, gouf decidéiert, dass:

  • déi ongeimpften an net-geheelte Persounen aus deenen zwou Gruppe vum Schoulfoyer a Quarantän gesat ginn
  • déi ongeimpften an net-geheelte Persounen aus de sechs CE2-Klassen a Quarantän gesat ginn

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 13. bis den 19. September, goufen am Ganze 5.384 Dosissen aginn. 2.879 Persoune kruten eng 1. Dosis, 2.446 kruten déi 2. Dosis an 59 Persoune kruten eng 3. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 21. September op 780.427. 401.415 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vun 72,5% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwert 12 Joer), respektiv 64,1% vun der allgemenger Bevëlkerung.

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour"

Den Impf-Bus ass bei folgenden Eventer op der Plaz:

  • Samschdeg, 25. September, vun 08:00 bis 14:00 Auer beim Lëtz Go Gold - Kockelscheier
  • Sonndeg, 26. September, vun 11:00 bis 15:00 Auer bei der Porte Ouverte vum FLF STadion - Gaasperech

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn och um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Déi Leit, déi hir 2. Dosis kréien, mussen och den Impf-Certificat vun der 1. Dosis virweisen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 13. bis den 19. September ënnersicht goufen, huet weiderhin eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Um Ufank vun der betraffener Woch konnt eng signifikant Hausse vum SARS-CoV-2-Niveau festgestallt ginn, mee dës Wäerter konnten um Enn vun der Woch net méi bestätegt ginn. Déi allgemeng Tendenz weist allerdéngs eng liicht Hausse vum Niveau vum Virus am Ofwaasser.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert