Neien Affichage bei der Kontroll mat der CovidCheck.lu-App

No der Annonce, datt de CovidCheck-System generaliséiert gëtt, ass een Update vun der CovidCheck.lu-App online gesat ginn.

Bei der Kontroll vun der Gültegkeet vun engem Certificat weist déi nei Versioun vun der App elo just nach den Numm (Nimm) an de Virnumm (Virnimm) vun der Persoun un.

Notzer vun der App, déi keng automatesch Updates vun der App op hirem Smartphone aktivéiert hunn, kënnen déi nei Versioun vun der CovidCheck-App an deem Store eroflueden, vu wou si och d'App hunn.

Säit d'CovidCheck-App am Juni 2021 erauskomm ass, gouf se scho méi wéi 327.000 mol erofgelueden.

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung/ Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)

Aktualiséiert