COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 4. bis de 10. Oktober

An der Woch vum 4. bis de 10. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 591 op 675 (+14%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.540 Fäll géintiwwer 2.827 an der Woch virdrun (+25%).

Vun de 675 Neiinfektioune waren 364 Persounen net geimpft (53,9%) an 311 Persounen haten ee kompletten Impfschutz (46,1%).

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 10 vun de 15 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (5 haten ee kompletten Impf-Schema). An der Intensivfleeg ware 3 vun de 5 Patienten net geimpft.
D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 4. bis den 10. Oktober duerchgefouert goufen, ass vu 14.621 op 15.544 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 12 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 10 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 341. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 4. bis den 10. Oktober). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 10. Oktober war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.200 geklommen (am Verglach zu 1.115 den 03.10.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 76.571 op 77.159 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vun 29,1 Joer op 32,7 Joer eropgaangen.

An der Woch vum 4. bis den 10. Oktober, gouf et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler huet sech d'Situatioun liicht entspaant, mat 15 neien Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, a 5 beluechte Better an der Intensivfleeg (am Verglach zu 8 an der viregter Woch). D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vu 56 op 57 Joer eropgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,99 relativ stabel bliwwen (am Verglach zu 1,05 an der viregter Woch). De Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Contacttracing), ass vu 4,04% op 4,34% liicht eropgaangen (Wochenduerchschnëtt). De Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, ass och geklommen.
  Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 106 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 93 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenz-Taux an allen Alterstranchë geklommen, ausser bei der Altersgrupp vun 0-14 Joer (-17%). Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 75+ (+71%), vu 15-29 Joer (+37%) a vu 35-44 Joer (+33%).

Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 167 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an den Alterstranchë vu 60-74 a vu 75+ Joer.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 4. bis den 10. Oktober waren 1.382 Persounen an Isolatioun (+11%) an 3.456 a Quarantän (+6%).

Kontaminatiounen

Fir déi 675 nei Fäll ass de Familljekrees weider déi heefegst Source mat 30,8% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (18,3%), d'Fräizäitaktivitéiten (6,3%) an d'Auslandsreesen (5,9%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, bleift stabel bei 30,8%.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 4. bis den 10. Oktober, goufen am Ganze 5.867 Dosissen aginn. 1.896 Persoune kruten eng 1. Dosis, 2.711 kruten déi 2. Dosis an 1.260 Persoune kruten eng 3. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 12. Oktober op 794.540. 410.457 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 74% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwert 12 Joer).

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour"

Den Impf-Bus ass bei folgenden Eventer op der Plaz:

16/10/21 10:00 – 13:00 Auer, LuxExpo (HomeExpo)

16/10/21 08:30 – 12:30 Auer, Cactus Bascharage

18/10/21 11:00 – 15:00, Industriezon Déifferdeng / Suessem (Haneboesch)

20/10/21 11:00 – 15:00, Cloche d'Or – Boulevard de Kockelscheuer

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn och um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt..

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Déi Leit, déi hir 2. Dosis kréien, mussen och den Impf-Certificat vun der 1. Dosis virweisen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/..

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 4. bis de 10. Oktober ënnersicht goufen, hunn nach ëmmer eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Trotz de staarke wëchentleche Variatioune kann een dovunner ausgoen, datt de Kontaminatiounsniveau vum SARS-CoV-2 iwwer eng Rei Woche relativ konstant bliwwen ass, wat dorop hiweist, datt de Virus nach an der Populatioun zirkuléiert.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert