Bereetstelle vu gratis COVID-19 PCR-Tester fir Persounen, déi hir 1. Impfdosis virum Akraafttriede vum neie COVID-Gesetz kruten

Baséierend op de Recommandatioune vum Staatsrot zum neie CovidCheck-System, deen den 1. November a Kraaft trëtt, huet d'Regierung decidéiert, jidder Persoun, déi virum 10. November  hir 1. Impfdosis krut, gratis COVID-19-PCR-Tester unzebidden.

Dës Decisioun erméiglecht de Persounen, déi sech fir eng Impfung entscheet hunn a soumat och schonn hir 1. Dosis kruten, sech wärend der Iwwergangsphas bis zur 2. Dosis gratis testen ze loossen. Deementspriechend kréien déi betraffe Persounen ab dem 1. November 5 personaliséiert Testbongen (iwwert hir Matricule). Et sief drop higewisen, datt d'COVID-19 PCR-Tester 72 Stonne gülteg sinn an datt d'Bongen an allen zu Lëtzebuerg akkreditéierte Laboratoirë fir medezinesch Analysen (BioNext, Ketterthill, Laboratoires réunis) ageléist kënne ginn.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert