Optimiséierung vun der Immuniséierung mat engem mRNA-Impfstoff fir Leit, déi eng Eenzeldosis vum COVID-19-Impfstoff vu Janssen kritt hunn

Fir den Impfschutz vun de Leit, déi bis elo eng Impfung mam COVID-19 Vaccine Janssen kritt hunn, ze verbesseren, huet de Regierungsrot a senger Sëtzung vum 15. Oktober decidéiert, der Recommandatioun vum Conseil supérieur des maladies infectieuses vum 14. Oktober fir eng zousätzlech Impfung mat engem mRNA-Impfstoff nozekommen. Dës Impfstoffdosis soll fréistens 4 Wochen no der Impfung mam COVID-19 Vaccine Janssen gemaach ginn.

Et sief dorun erënnert, dass de COVID-19-Impfstoff vu Johnson & Johnson (COVID-19 Vaccine Janssen) den 11. Mäerz 2021 ee positiven Avis vun der Europäescher Medikamentenagence (EMA) fir eng Maartzouloossung kritt huet. Et handelt sech ëm deen eenzegen an der europäescher Unioun zougeloossene SARS-CoV-2-Impfstoff, deen an enger eenzeger Dosis agi gëtt. Bis haut, goufe méi wéi 13 Milliounen Dosisse vun dësem Impfstoff an Europa aginn.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Déi éischt Invitatioune fir eng zousätzlech Dosis vun engem mRNA-Impfstoff géint de Coronavirus ginn Enn dëser Woch an dono a successiven Tranchë verschéckt.

Déi Persounen, déi d'Bedéngungen erfëllen (mindestens 4 Wochen no der Eenzeldosis vum Janssen-Impfstoff), kréien e Bréif vun der Lëtzebuerger Regierung, mat enger Invitatioun fir unhand vun engem perséinleche Code entweder ee Rendez-vous bei hirem Dokter oder an engem Impfzenter ze huelen (Aschreiwung via myguichet.lu). D'Lëscht vun den Dokteren, déi bei der Impfcampagne matmaachen, fannt Dir op der Säit impfen.lu.

Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533.

Communiqué vum Staatsministère a vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert