COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 11. bis de 17. Oktober

An der Woch vum 11. bis de 17. Oktober, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 675 op 786 (+16%) eropgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 3.540 op 3.114 erofgaangen ass (-12%).

Ënnert deene 786 Neiinfektioune loung den Inzidenz-Taux vun deenen neie positive Fäll  bei 222,19 pro 100.000 Awunner fir déi net geimpfte Persounen a bei 66,16 pro 100.000 Awunner fir déi Persoune mat engem kompletten Impfschutz.

Et sief drop higewisen, dass an Zukunft, fir d'Realitéit vun den Neiinfektioune par rapport zu de geimpfte Persounen (kompletten Impf-Schema) oder net-geimpfte Persoune besser erëmzespigelen, dës Donnéeën iwwert den Inzidenz-Taux an net méi iwwert Prozenter ausgedréckt ginn.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 10 vun de 15 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (5 haten ee kompletten Impf-Schema). An der Intensivfleeg waren 3 vun de 5 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 11. bis de 17. Oktober duerchgefouert goufen, ass vu 15.544 op 16.480 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 17 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 12 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 358. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 11. bis de 17. Oktober). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 17. Oktober war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.396 geklommen (am Verglach zu 1.201 den 10.10.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 77.157 op 77.746 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vun 32,7 Joer op 31,9 Joer erofgaangen.

An der Woch vum 11. bis de 17. Oktober, goufen et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 95 Joer.

An de Spideeler ass d'Situatioun stabel, mat 15 neien Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, a 4 beluechte Better an der Intensivfleeg (am Verglach zu 5 an der viregter Woch). D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vu 57 op 67 Joer eropgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,22 liicht eropgaangen (am Verglach zu 1,00 an der viregter Woch). De Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Contacttracing), ass vu 4,34% op 4,77% eropgaangen (Wochenduerchschnëtt), genau wéi de Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 124 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 106 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenz-Taux an allen Alterstranchë geklommen, ausser bei der Altersgrupp vu 15-29 Joer (-3%). Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vun 0-14 Joer (+36%) a bei de 75+ Joer (+29%).

Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 226 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an den Alterstranchë vu 60-74 a vu 75+ Joer.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 11. bis de 17. Oktober waren 1.542 Persounen an Isolatioun (+12%) an 3.391 a Quarantän (-2%).

Kontaminatiounen

Fir déi 786 nei Fäll ass de Familljekrees weider déi heefegst Source mat 34,1% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Bildung (19%), virun allem d'Grondschoul (10,2%), an d'Auslandsreesen (6,9%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 28,9% erofgaangen.

Zenario 4 an der Primärschoul Brill zu Diddeleng

Den 10. an 11. Oktober 2021 goufen 3 positiv Fäll, dovun eng Enseignante, an enger Klass vum Cycle 1 diagnostizéiert. D'Klass gouf bis de 15. Oktober a Quarantän gesat. Den Testing vum 15. Oktober huet 7 weider Fäll opgedeckt.

Déi Mesuren, déi en place gesat goufen, hunn et erlaabt, eng Weiderverbreedung vum Virus op aner Klasse vun der Schoul z'evitéieren.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 11. bis de 17. Oktober, goufen am Ganze 7.042 Dosissen aginn. 2.996 Persoune kruten eng 1. Dosis, 2.261 kruten déi 2. Dosis an 1.785 Persoune kruten eng 3. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 19. Oktober op 800.633. 413.233 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 74% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwert 12 Joer).

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour"

Den Impf-Bus ass bei folgenden Eventer op der Plaz:

  • 20/10/21 11:00 – 15:00 Auer, Cloche d'Or – Boulevard de Kockelscheuer
  • 21/10/21 11:00 – 15:00 Auer, Zone industrielle Gréiwemaacher (Potaschbierg)
  • 22/10/21 11:00 – 16:00 Auer, Shopping Center La Belle Etoile
  • 25/10/21 Zone d'activité économique Kierchberg (Site Europaparlament - Adenauer Gebai)
  • 26/10/21 11:00 – 15:00 Auer, Zone industrielle Rodange (PED)

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn och um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt..

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Déi Leit, déi hir 2. Dosis kréien, mussen och den Impf-Certificat vun der 1. Dosis virweisen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 11. bis de 17. Oktober ënnersicht goufen, hunn nach ëmmer eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Den Niveau vum Virus-RNA deen detektéiert gouf, ass zimmlech änlech wéi deen, deen an der leschter Woch gemooss gouf. Eng liicht Tendenz no uewe konnt awer festgestallt ginn. Op regionalem Niveau weisen déi meescht Kläranlagen awer eng generell stabel Tendenz vum Niveau vum SARS-CoV-2-Signal op.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert