COVID-19: Ännerung vun den Donnéeën an den deeglechen a wéchentleche Rapporten iwwert déi komplementar Dosis (3. Dosis) vum Impfstoff

Mam Zil, et all Mënsch z'erméiglechen, fir d'Evolutioun vun der COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg sou gutt wéi méiglech ze suivéieren an ze analyséiere, publizéiert de Gesondheetsministère een deegleche Rapport mat kloeren an transparente Statistiken.

Fir d'Qualitéit vun dësen Donnéeën, déi all Dag vun deene verschiddenen Acteuren um Terrain erageschéckt ginn, ze verbesseren, goufe verschidde rezent publizéiert Donnéeën ofgeännert. Effektiv kënnen opgrond vun der Impfstrategie hei zu Lëtzebuerg net déi selwecht Indicateure bäibehale ginn, wéi déi, déi um Ufank vun der Pandemie benotzt goufen. Dëst well haut Persounen, déi schonn ee kompletten Impf-Schema hunn, eng komplementar Dosis kréie kënnen.

Wat ännert an der Publikatioun vun den Donnéeën um Site www.covid19.lu:

Säit dem 12. Januar 2021 sinn d'Donnéeën iwwert d'Zuel vun den Anti-COVID-19-Impfungen, pro Dag an als Total säit dem Ufank vun der Impfung (28. Dezember 2020), een Deel vum deegleche Rapport. D'Informatiounen, déi um Site www.covid19.lu publizéiert ginn, sinn entspriechend dësen Donnéeën ausgeriicht.

De wéchentleche Rapport, deen als Wocheréckbléck déngt an e Vergläich zur Woch virdrun erméiglecht, gouf och ugepasst, fir d'Donnéeën zur Impfung ze presentéieren. Et sief drop higewisen, dass de wéchentleche Rapport déi reell Donnéeë presentéiert, no de Korrektiounen a Rattrapagen, wärend den deegleche Rapport déi "onberengegt" a punktuell Situatioun vum Dag virdrun (D-1) erëmgëtt.

Rezent gouf d'Impfung vu vulnerabele Persoune mat enger komplementarer Dosis zu engem kompletten Impf-Schema mat 2 Dosissen organiséiert, an och fir Persounen déi ee kompletten Impf-Schema mat just enger Dosis vum Janssen®-COVID-19-Impfstoff haten. Entspriechend hunn den deeglechen an de wéchentleche Rapport missten duerch dës Donnéeë aktualiséiert ginn. D'Reallokatioun/Reattributioun vun den "3. Dosisse" vum wéchentleche Rapport a vun den "2. Dosisse" vum Janssen®-Impfstoff zu de "komplementaren Dosisse vum Anti-COVID-19-Impfstoff zu engem kompletten Impf-Schema" féiert zu enger Ännerung (Réckgang) vun ongeféier 3.500 Dosissen géintiwwer de scho publizéierten Zuelen.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert