COVID-19-Impfung: Booster-Dosis no enger Éischtimpfung fir Persounen ab 65 Joer a fir Personal aus dem Gesondheetssecteur

No de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 8. November 2021, ass eng Opfrëschungsdosis ("Booster") géint de Coronavirus a verschiddene Fäll méiglech:

  • fir Persounen ab 65 Joer, onofhängeg dovu wou se wunnen (an enger Fleegestruktur oder bei sech doheem)
  • fir Personal aus dem Gesondheetssecteur
  • fir medezinesch Assistenten an Zänndokter-Assistenten

Mat dëser Booster-Impfung soll den héijen Impfschutz oprechterhale ginn, deen déi betraffe Persoune géint eng Infektioun, schwéier Krankheetsverleef oder Doudesfäll opgebaut hunn. Bei medezineschem Fachpersonal kann, dem CSMI no, eng Booster-Dosis dozou bäidroen, de Risiko vun enger Iwwerdroung op vulnerabel Persounen ze reduzéieren an e méigleche Personalmangel am Gesondheetssecteur ze verhënneren.

D'Booster-Impfung erfollegt mindestens 6 Méint no enger vollstänneger Éischtimpfung, d. h. op d'mannst 6 Méint no der leschter Dosis vum initialen Impf-Schema. Beim Booster-Impfstoff handelt et sech ëm een mRNA-Impfstoff, onofhängeg vum Impfstoff vun der Éischtimpfung. Wa bei der Éischtimpfung een mRNA-Impfstoff benotzt gouf, gëtt bei der Booster-Impfung dee selwechten Impfstoff aginn.

Zurzäit recommandéiert den CSMI keng Booster-Dosis fir Persounen ënner 65 Joer oder fir vulnerabel Persounen opgrond vu bestoende Virerkrankungen.

Fir immungeschwächte Persounen, Beneficiairë vun enger Organtransplantatioun an Dialyse-Patienten ass bei der Éischtimpfung eng zousätzlech Dosis virgesinn (nom Zäitplang 0, 4 an 12 Wochen, cf. Avis vum 2. Juli 2021); eng Booster-Dosis ass awer net virgesinn.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Follgend Persoune kréie vun der Lëtzebuerger Regierung eng Invitatioun per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir sech e Rendez-vous an engem vun den 3 Impfzenteren oder bei hirem Dokter ze huelen:

  • Persounen ab 65 Joer
  • Personal aus dem Gesondheetssecteur

Medezinesch Assistenten an Zänndokter-Assistenten an direktem Kontakt mat Patiente mussen (vum Dokter mat deem se schaffen) iwwert eng speziell dofir ageriichte Websäit op MyGuichet ugemellt ginn. Déi betraffen Doktere gi vum Direkter vun der Santé iwwert d'Prozedur informéiert.

D'Lëscht vun den Dokteren, déi bei der Impfcampagne matmaachen, fannt Dir op der Säit impfen.lu.

Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert