Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung

Den Aussen- an Europaministère deelt mat, datt no der Decisioun vun der Europäescher Kommissioun vun haut, Certificaten, déi vun den Autoritéiten aus Georgien, Moldawien, Neuseeland oder Serbien ausgestallt ginn, ab dem 16. November 2021 als gläichwäerteg unerkannt ginn.

Esou dierfen Awunner aus Drëttstaaten, déi een Impf-Certificat hunn, deen ee kompletten Impf-Schema noweist a vun den Autoritéiten aus Georgien, Moldawien, Neuseeland oder Serbien ausgestallt gouf, ab deem genannten Datum nees op Lëtzebuerg areesen, och fir net essentiell Reesen.

Detailer zu deene verschiddene Reegelen, inklusiv enger Definitioun vun essentielle Reesen an deene verschiddenen Exceptiounen, souwéi déi genau Modalitéiten, déi am Virfeld ze respektéiere sinn, fannt Dir ënnert folgendem Link: https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html.

 

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert