Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung

Den Aussen- an Europaministère informéiert, dass de Groussherzogtum der Recommandatioun (UE) 2021/1896 vum 29. Oktober 2021 an 2021/1945 vum 9.November 2021 vum Conseil, déi d'Recommandatioun (UE) 2021/912 zu den temporäre Restriktioune fir net essentiell Reesen an d'Europäesch Unioun an eng méiglech Ophiewung vun dëse Restriktiounen ofännert, nokomm ass.

D'Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Staatsbierger net méi vun temporäre Restriktiounen op de Baussegrenze fir net essentiell Reesen an de Groussherzogtum betraff sinn, gëtt deemno aktualiséiert. Ab dem 22 November 2021 ginn Singapur an d'Ukraine vun der Lëscht zréckgezunn. Parallel dozou kommen Argentinien, Kolumbien, Namibia, an de Peru op dës Lëscht dobäi.

Detailer zu deene verschiddene Reegelen, inklusiv enger Definitioun vun essentielle Reesen an deene verschiddenen Exceptiounen, souwéi déi genau Modalitéiten, déi am Virfeld ze respektéiere sinn, fann Dir ënnert folgendem Link:

https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert