Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung

Den Aussen- an Europaministère informéiert, dass Lëtzebuerg dem Avis nokomm ass, d'Recommandatioun (UE) 2020/912 zu den temporäre Restriktioune fir net essentiell Reesen an d'Europäesch Unioun an eng méiglech Ophiewung vun dëse Restriktiounen, ze änneren. D'Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Staatsbierger net méi vun temporäre Restriktiounen op de Baussegrenze fir net essentiell Reesen an de Groussherzogtum betraff sinn, gëtt deemno aktualiséiert. Ab dem 6. Dezemeber 2021, ginn Jordanien a Namibia vun der Lëscht erofgeholl. Gläichzäiteg, gëtt Indonesien op d'Lëscht bäigesat. 

Staatsbierger vun Drëttstaate, déi hire Wunnsëtz a Jordanien oder a Namibien hunn, dierfen ab dem 6. Dezember 2021 net méi fir net essentiell Deplacementer an de Grand-Duché areesen. 

Ab dësem Datum, dierfe Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi hire Wunnsëtz an Indonesien hunn, allerdéngs och fir net essentiel Deplacementer erëm op Lëtzebuerg reesen.

Déi betraffe Staatsbierger aus Drëttstaaten mussen an deem Fall hire Wunnsëtz noweise kënnen.

Déi aktualiséiert Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Awunner och fir net essentiell Reesen erëm op Lëtzebuerg dierfen, ass elo follgendermoossen:

  1. Staaten
    • Saudiarabien
    • Argentinierin
    • Australien
    • Bahrain
    • Kanada
    • Chile
    • China (ënner Virbehalt vu Géigesäitegkeet op EU-Niveau)
    • Kolumbien
    • Südkorea
    • Vereenegt Arabesch Emirater
    • Indonesien
    • Kuwait
    • Peru
    • Ruanda
    • Neuseeland
    • Katar
    • Uruguay 
  2. Sonderverwaltungszone  vun der Volleksrepublik China
    • Hongkong SAR 
    • Macao SAR 
  3. Territorial Entitéiten an Autoritéiten, déi vun op d'mannst engem EU-Memberstaat net als Staat unerkennt ginn
    • Taiwan

Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi net op der uewe genannter Lëscht stinn, dierfen net an de Grand-Duché areesen, ausser d'Staatsbierger aus Drëttstaate mat engem Impf-Certificat deen ee kompletten Impf-Schema attestéiert an zu Lëtzebuerg als gläichwäerteg gëllt.

No de rezenten Decisioune vun der Europäescher Kommissioun, gi Certificaten, déi vun den Autoritéiten aus Salvador, Singapur an Togo ausgestallt ginn, als gläichwäerteg unerkannt. Esou dierfen Awunner aus Drëttstaaten, déi een Impf-Certificat hunn, deen ee kompletten Impf-Schema noweist a vun den Autoritéiten aus Salvador, Singapur oder Togo ausgestallt gi sinn, nees op Lëtzebuerg areesen, och fir net essentiell Reesen. 

Nieft den Impfzertifikater, déi an den EU-Länner oder vun engem Memberstaat aus dem Schengenraum ausgestallt gi sinn, ginn och d'Zertifikater, déi ee kompletten Impf-Schema noweisen, aus follgenden Drëttlänner unerkannt:

  • Albanien
  • Andorra
  • Armenien
  • Amerika
  • Georgien
  • Färöer Inselen
  • Israel 
  • Marokko
  • Moldawien
  • Monaco
  • Neuseeland
  • Panama
  • Republik Nordmazedonien
  • Vereenegt Kinnekräich
  • Salvador
  • San Marino
  • Serbien
  • Singapur
  • Togo
  • Tierkei
  • Ukrain
  • Vatikan

Et sief dorun erënnert, dass all Persoun, onofhängeg vun hirer Nationalitéit a vun hirem Wunnsëtz, déi am Besëtz ass vun engem Impf-Certificat dee vun engem vun den uewe genannte Staaten ausgestallt gi sinn, dëse Certificat verwende kann, fir déi zusätzlech sanitär Mesuren z'erfëllen, déi fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg gëllen. 

Weider dierfen och Staatsbierger aus Drëttstaaten op Lëtzebuerg reesen, wann hir Rees als essentiell gëllt. Dofir muss eng speziell Demande per E-Mail (service.visas@mae.etat.lu) un de Bureau des passeports, visas et légalisations geschéckt ginn, fir dass eng speziell Attestatioun ausgestallt ka ginn.

Et sief nach eng Kéier dorun erënnert, dass fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg zousätzlech sanitär Mesurë gëllen. Jiddwereen deen 12 Joer an 2 Méint oder méi al ass, a mam Fliger op Lëtzebuerg fléie wëll, muss virum Boarding Folgendes virweisen:

  • entweder een Impf-Certificat, deen ee kompletten Impf-Schema géint  COVID-19 virweist an deen entspriechend dem Artikel 3bis vum geännerte Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d'Pandemie COVID-19 erstallt gouf. Also een Impf-Certificat dee vu Lëtzebuerg, engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengenraum ausgestallt gouf. Och Certificaten, déi vu verschiddenen Drëttstaaten ausgestallt goufen, ginn akzeptéiert (d'Lëscht vun de concernéierten Drëttstaate steet weider uewen);
  • ee Geheelt-Certificat, deen entspriechend den Dispositioune vum Règlement (EU) 2021/953 erstallt gouf, fir Persounen déi rezent a bannent 6 Méint virum Deplacement eng Infektioun mam SARS-CoV-2 haten an déi déi entspriechend Isolatiounsperiod an deene respektive Länner symptomfräi ofgeschloss hunn;
  • oder een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektronesch) vun engem Test op SARS-CoV-2 RNA duerch Nukleinseier-Amplifikatioun (NAT) (PCR, TMA oder LAMP Methoden [2]), dee maximal 72 Stonne  virum Fluch realiséiert gouf, oder vun engem Antigène-Schnelltest op SARS-CoV-2 [2], dee maximal 48  Stonne virum Fluch realiséiert gouf, an dat vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit. Dat negatiivt Testresultat muss, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg, oder op Englesch, Spuenesch, Italieenesch oder Portugisesch virleien.

    Et sief nach weider dorun erënnert, dass bis de 14. Januar 2022 mat abegraff zousätzlech sanitär Mesurë gëllen, fir all Deplacementer aus Südafrika, Botswana, Eswatini, Lesotho, Mosambik, Namibia a Simbabwe.

    Detailer zu deene verschiddene Reegelen, inklusiv enger Definitioun vun essentielle Reesen an deene verschiddenen Exceptiounen, souwéi déi genau Modalitéiten, déi am Virfeld ze respektéiere sinn, fannt Dir ënnert folgendem Link: https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html.

     

    [1]  a) Ënnert engem kompletten Impf-Schema versteet een all Schema, wat d'Zuel an den Intervall vun den néidegen Injektiounen definéiert, fir een ausräichende Schutz opzebauen, an dat komplett ass ab der Administratioun vun all den néidegen Dosissen, fir Impfstoffer mat méi wéi enger Dosis, oder, fir Impfstoffer mat enger eenzeger Dosis, no enger Karenzzäit vu 14 Deeg. b) Fir geheelte Persounen, déi bannent 180 Deeg no hirem positive Resultat vun engem NAAT-Test geimpft goufen, ass den Impf-Schema 14 Deeg no der Administratioun vun der éischter Dosis komplett, an dat onofhängeg vum Impfstoff.

    [2] PCR: polymerase chain reaction; TMA: transcription-mediated amplification; LAMP: loop-mediated isothermal amplification

    [3] Entspriechend de Krittäre vun der WHO: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11 September 2020, an opgezielt an der Lëscht vun den Antigène-Schnelltester, op Basis vun der Recommandatioun 2021/C24/01 vum 22. Januar 2021.

    Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert