Inzidenz-Taux vu positiv geteste Persounen no Impf-Status

Dee fir d'Iwwerwaachung vum COVID-19 zu Lëtzebuerg ageriichte System gëtt kontinuéierlech ugepasst, fir Indicateuren z'erstellen, déi d'Entwécklung vun der Epidemie an Echtzäit reflektéieren.

Dës Upassunge ginn ënnert Berécksiichtegung vun de Moossname fir d'Andämmung vun der Epidemie, den neiste wëssenschaftlechen Erkenntnisser iwwert de Virus an den internationalen epidemiologesche Standarde gemaach.

Ab dem 6. Dezember 2021, gëtt den Inzidenz-Taux vun den Neiinfektioune jee no Impf-Status am Dages-Rapport erëmgespigelt. Dës Neiinfektioune betreffe just Persounen, déi duerch e PCR-Test positiv getest goufen. Deementspriechend ginn och d'Indicateure vum deegleche Rapport um www.covid19.public.lu ugepasst.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert