"Booster"- an Éischtimpfung géint COVID-19 fir Sans-abrien

No den éischten Impfaktioune fir Sans-abrien de 1. an 2. Juni 2021 an de 16., 19., an 20. Juli an de Raimlechkeete vun der "Wanteraktioun", gouf den 13. a 15. Dezember 2021 eng "Booster-" an Éischtimpfung-Campagne organiséiert. Realiséiert gouf dës Impfcampagne vun de mobillen Impfekippe vun der Gesondheetsdirektioun, an dem Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun an enker Zesummenaarbecht mat den Associatiounen um Terrain.

Wärend dësen 2 Deeg, goufen 102 Persoune fir d'Impfung ugemellt. 56 Persounen hunn eng éischt Dosis vun den Impfstoffer vu BioNTech/Pfizer, Moderna oder Janssen (Johnson&Johnson) kritt. 36 Persoune kruten eng 2. Dosis an 10 Persounen eng 3. Dosis vun den Impfstoffer vu BioNTech/Pfizer oder Moderna. 

Donieft hunn 9 Persoune vun dëser Impfaktioun profitéiert, fir sech géint d'Gripp impfen ze loossen. 

Am Kader vun dëser Aktioun a fir de Leit a grousser Nout méi no ze kommen, hunn déi mobil Impfekippen sech an d'Raimlechkeete vum Nuetsfoyer "Abrigado" zu Bouneweg, vun der "Wanteraktioun" um Findel, an am Süde vum Land, um Site vum Por-Haus zu Esch-Uelzecht deplacéiert.

All mobil Ekipp huet aus engem Dokter als Ekippechef an engem administrativen a logisteschen Assistent vun der Lëtzebuerger Arméi, dem CGDIS oder der Douane bestanen.

Communiqué vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun an dem Gesondheetsministère

Aktualiséiert