COVID-19-Impfung fir Kanner tëschent 5 an 11 Joer: vun elo un an 3 Impfzentere méiglech

Ab dem 23. Dezember 2021, ass et méiglech Kanner am Alter tëschent 5 an 11 Joer fräiwëlleg an engem vun den 3 Impfzenteren an der Victor Hugo Hal, zu Esch-Belval oder zu Ettelbréck impfen ze loossen.

An den temporären Impfstatiounen (Pop Up Impfstatiounen) ass d'Impfung vun de Kanner net méiglech.

Kanner mussen a Begleedung vun engem legalen Tuteur kommen.

Wéi en Impfstoff gëtt benotzt?

D'Impfung vun de Kanner gëtt mam Impfstoff Comirnaty vu Pfizer/BioNTech gemaach. Et sief drop higewisen, dass déi Dosis, déi fir Kanner tëschent 5 an 11 Joer virgesinn ass, méi schwaach ass (mat engem adaptéierten Doséierungsschema vun 10 µg) wéi déi, déi fir Kanner iwwer 12 Joer recommandéiert ass. D'Kanner kréien entspriechend 1/3 vun der Dosis.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

De Rendez-vous kann op myguichet.lu geholl ginn, mat Hëllef vun der Matricule-Nummer vum Kand.

D'Impfung kann och vu verschiddene Kannerdoktere gemaach ginn. D'Lëscht vun de Kannerdokteren, déi un der Impfcampagne fir Kanner deelhuelen, ass op covid19.lu verfügbar.

Communiqué vum Staatsministère, dem Gesondheetsministère an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN)

Aktualiséiert